Déi nei Justizministesch Elisabeth Margue war e Méindeg op hirem éischten europäesche Conseil iwwert d'Justiz an Affaires intérieures zu Bréissel.

Um Ordre du jour stoung ënnert anerem en neit Gesetz iwwert d'Rechter vun Affer. Domat soll e Minimum u Protektioun an alle Memberstaaten assuréiert ginn, ënnert anerem mat psychologeschem Support an Informatiounsaccès zu hirem Fall.

Um Bord vum Conseil huet d'Elisabeth Margue hir Homologen aus Däitschland, de Marco Buschmann, an der Belsch, de Paul Van Tigchelt, genee wéi den europäesche Justizkommissär Didier Reynders fir bilateral Entrevue gesinn.