PensiounenBauerenzentral fuerdert eng Erhéijung vun der Mindestrent ëm 20 Prozent

Annick Goerens
Monica Camposeo
Eng Erhéijung vun der Mindestrent ëm 20 Prozent. Dat fuerdert d’Bauerenzentral en vue vun der grousser Debatt ëm d'Pensiounen.
Bauerenzentral fuerdert eng Erhéijung vun der Mindestrent ëm 20 Prozent
Eng Erhéijung vun der Mindestrent ëm 20 Prozent. Dat fuerdert d’Bauerenzentral en vue vun der grousser Debatt ëm d’Pensiounen.

11/09/2024 Bauerenzentral: Pensiounen / Annick Goerens

De President Christian Wester huet ganz allgemeng vun enger immens ugespaanter ekonomescher Situatioun vu ville Betriber geschwat. Grad an der Landwirtschaft ginn et dacks niddreg Paien an deementspriechend niddreg Renten.

D’Altersaarmut, besonnesch bei de Baueren, geet an d’Luucht. Donieft ginn d’Präisser an alle Liewensberäicher ëmmer méi deier. Déi aktuell Pensioun vu ville Bauere geet einfach net méi duer, erkläert de Christian Wester President vun der Bauerenzentral.

“An der Landwirtschaft gi mer dovun aus, dass mer bei enger Duerchschnëtts-Rent vun ëm 2.300 Euro leien, wat vläicht liicht méi héich ass wéi d’Mindestrent, awer och net vill. An da wa mer elo d’Mindestrent ëm 20 Prozent erhéijen, da wäerte mer bei 2.750 Euro oder dorëmmer leien, wat eng substantiell Erhéijung ass. Domat läit een dann awer ëm de Seuil vun der Aarmutsgrenz oder op d’mannst net wäit driwwer. Also et ass elo näischt, woumat een elo all Joers eng Croisière iwwer déi 7 Weltmierer ka maachen, mee et geet drëm, dass ee säin Liewensowend hei am Land gutt ka verbréngen.”

Wann dat politesch net méiglech ass, da soll d’Rent vum Bauer op d’mannst op Basis vun engem qualifizéierte Mindestloun gerechent ginn.

“Fir et einfach z’erklären. D’Bauere-Rent: et gëtt ee Standard-Betribsakommes ermëttelt, wat op Standard-Wäerter baséiert. Da gëtt gekuckt, wéi héich dat ass. Läit dat ënnert dem Mindestloun, dann intervenéiert de Fonds Agricole fir dat opzestocken. Do kënnt och eis Fuerderung hier, dass mer gär hätten, dass de Seuil, wou de Fonds Agricole intervenéiert, dass mer dee bis op de qualifizéierte Mindestloun géingen hiewen.

Beim leschten Agrargesetz hat d’Definitioun vum “aktive Bauer” fir vill Frust am Secteur gesuergt – eben och wéinst de Pensiounen.

“Wat eben dem Bauer, deen och an der Pensioun war, deen awer da manner Fläch bewirtschaft a Véi gehalen huet, wéi zu senger aktiver Karriär, awer domat nach e bësse konnt Niewen-Akommes generéieren. Do sinn e ganze Koup Méiglechkeeten, déi mat dësen Agrargesetz ewechfalen.”

Déi ekonomesch Situatioun vun de Baueren ass aktuell ugespaant. D’Produktiounskäschte klammen, d’Verkafspräisser falen an och de Karschnatz war duerch dat relativ naasst Joer ganz miserabel. Aktuell mécht dann och d’Blo-Zonge-Kränkt de Betriber ze schafen. D’Bauerenzentral fuerdert, dass souwuel déi Béischten, déi duerch d’Kränkt stierwen, wéi och de Produktiounsausfall bei der Mëllech vu kranke Béischten integral vum Staat bezuelt gëtt. Dat fir ze verhënneren, dass grad dës Epidemie d’Faass zum Iwwerlafe bréngt, sou de Christian Wester.

Back to Top
CIM LOGO