Matdeelung en Donneschdeg
ING plangt net, weider Konte vu Clienten zouzemaachen
Wärend keng weider Konte clôturéiert solle ginn, ginn allerdéngs d'Agencen um Kierchbierg, op der Cloche d'Or an zu Rodange zougemaach.
Et ass net geplangt, d’Konte vu weidere Clienten ze clôturéieren. Dee Message kënnt en Donneschdeg de Moie vun der Bank ING.
En Dënschdeg hat et nach a Gewerkschaftskreesser d’Rumeur ginn, dass eng zweet Well vu Clientë betraff wier, nodeems scho bis zu 30.000 Leit hire Compte bei der ING gekënnegt kruten.
D’Bank annoncéiert parallel, dass d’Agence Kierchbierg, Cloche d’Or a Rodange zougemaach ginn. Dat concernéiert Personal gëtt an den Agencen op der Stater Gare, zu Esch, Ettelbréck respektiv Stroossen reaffektéiert.
Am meeschte gelies