Ännerunge beim Kaf vun Hörapparater
Eng nei Prozedur fir de Remboursement vun Hörapparater soll d'Uschafe vun esou engem Gerät an Zukunft méi einfach maachen.
An der Chambre des Métiers gouf de Projet e Méindeg den Owend vun der Confédération de Métiers de la Santé an der CNS presentéiert.
2015 hu sech eng Rei Spezialiste fir d’éischte Kéier an enger Aarbechtsgrupp zesummegesat an déi aktuell Prozedur, déi op 1968 zréckzeféieren ass, iwwerschafft. Bis elo war d’Prozedur, fir en Hörapparat an de Remboursement vun der CNS ze kréien, laang an ëmständlech, mat ville Méint Waardezäit, mä dat soll sech an Zukunft änneren.
Et soll een elo méi séier wéi soss en Hörapparat kréien an de Remboursement vu maximal 1.900 Euro bei Erwuessenen an 2.800 Euro bei Kanner (an net 2.400 Euro, wéi an enger éischter Versioun vum Artikel matgedeelt) soll a manner wéi 3 Méint ofgeschloss ginn. Eng grouss Hëllef bei dësem Projet, sou de Guy Lejeune, President vun der Confédération des Métiers de la Santé, war d’Ministesch Martine Deprez.
Vum 1. Januar u soll déi nei Prozedur lancéiert ginn an d’Zuel vun de Leit, déi sech en Hörapparat zouleeën an d’Luucht drécken. Wann ee sech allerdéngs elo schonn e Gerät zougeluecht huet, kann een eventuell awer schonn ënnert déi nei Prozedur falen.
Am beschte schwätzt een an esou engem Fall mat sengem Audioprothesist an net just mam Dokter, fir ze wëssen, ob ee schonn ënnert déi nei Prozedur fält a wéi vill ee vu sengem Hörapparat rembourséiert kritt.