Bei haislecher Gewalt an der Koppel ass meeschtens d’Fra d’Affer. An engem Drëttel vun de Fäll awer erlieft de Mann d’Gewalt.

Bei haislecher Gewalt an der Koppel ass meeschtens d’Fra d’Affer. An engem Drëttel vun de Fäll awer erlieft de Mann d’Gewalt.

D’Statistike vum Grand-Duché aus dem Joer 2023 decke sech mat den Donnéeën aus anere Länner.
 
Männlech Affer wären an der Reegel zwar net esou a Gefor, wéi Fraen, déi vun hire Männer geschloe ginn, esou de Service infoMann, deen zanter dem 1. Dezember déi éischt Ulafplaz fir betraffe Männer ass. An awer wär et immens wichteg, datt och hir Rechter respektéiert géifen.
 
Dat ass net ëmmer de Fall, wéi d’Beispill vum Roger (Numm vun der Redaktioun geännert) weist, dee mir bei infoMann treffen. Obwuel hien d’Affer war, gouf de Roger vun doheem fortgeschéckt. Hie wär an e Lach gefall, seet de Papp vun zwee klenge Kanner.

"Ech hunn d’Welt net verstanen. Well ech net wousst, ob ech einfach net dierft heem oder och d’Kanner net dierft gesinn. Well och d’Police konnt mer dat net erklären, well et normalerweis ëmgedréint ass.”

 
Seng Ex-Partnerin hätt sech duerch dem Roger seng Wegweisung och nach am Recht gefillt.

"Wann ech da Saachen heem siche komm si mat der Police, hatt sech eben och viru mir opgebaut huet. Mir alles e bëssen extrem schwiereg gemaach huet a mech bedreet huet. Ech hu mech einfach extrem bedreet gefillt, onwuel an der Situatioun.”

 
Warscheinlech léich et um traditionelle Bild, datt de Mann staark bleiwe misst a sech schonn doduerch kämpfe géif, datt männlech Affer alt mol nach vu Wegweisunge betraff wieren, seet de Walid Megharbi, de Responsabele vun infoMann a betount, datt nach vill Opklärungsaarbecht néideg wär “Que la violence, c’est de la violence, même si c’est à légard d’un homme, c’est très violent. Mais s’il y a peut-être moins de danger de mort, cela reste très violent. D’un point de vue psychologique aussi.” 
 
infoMann huet ee Männer- an ee Pappenhaus, wou Betraffener temporär ënnerkomme kënnen. Onofhängeg dovunner, kréie si och psychologesch, sozial a juristesch Ënnerstëtzung beim Service ugebueden. De Roger huet sech fir seng Situatioun geschummt. Hie begréisst, datt et elo eng direkt Ulafplaz gëtt speziell fir Männer.
 
“Ze gesinn oder ze mierken, datt och aner Leit an där Situatioun sinn... Et fillt ee sech net esou eleng. Et ass virun allem gutt ze wëssen, datt awer Institutiounen do sinn, déi och engem Mann hëllefen.” 
 
Virdru war Femmes en détresse d’Ulafplaz. D’asbl huet d’Dossieren da weider un infoMann geleet. Symbolesch wär et awer ganz wichteg fir d'Männer, hir Plaz ze hunn, confirméiert de Walid Megharbi.