Pist nees komplett op, 1.000 Leit um Freideg betraff
Nodeems Schied um Tarmac fonnt gi waren, war de Lux-Airport e Freideg den Owend fir e puer Stonnen zou.
Géint 18.20 Auer e Freideg den Owend waren d'Probleemer un der Pist opgefall. Duerno waren all d'Departen an d'Arrivéeë um Lux-Airport gestoppt ginn. An engem Schreiwes vum Fluchhafe-Bedreiwer war géint 21.30 Auer e Freideg den Owend deels Entwarnung komm. D'Pist war op enger reduzéierter Längt nees opgaangen.
Den Tom Goris vu Lux-Airport sot, datt een elo prioritär alles géing maachen, fir um Samschdeg prett ze sinn. Operationell géing ee sech mat allen Ekippen a Fluchgesellschaften koordinéieren, datt all Passagéier säi Vol kritt.
Et wieren effektiv scho Schied fonnt ginn, déi fir de Freideg an der Nuecht sollten op de Leescht geholl ginn, derbäi géifen déi Lächer kommen, déi elo an der Mëtt vun der Pist fonnt gi wieren.
Pist hat een Ament missen zougemaach ginn
Den Tom Goris confirméiert, datt d'Inspektiouns-Ekippen ee Schued géint 19.05 Auer an der Mëtt vun der Pist gemellt hunn. Fir d'Sécherheet vum Fluchtrafic ze garantéieren, hätt een d'Pist zougemaach an déi technesch Servicer lassgeschéckt. Duerno hätt een d'Pist an zwee gedeelt. Vun 21.30 Auer un konnt een op der enger Säit nees lassfléien.
Et misst elo gekuckt ginn, datt all Fligeren, déi nach an anere Fluchhäfe sinn, um Samschdeg nees kënnen zu Lëtzebuerg sinn, fir de Weekend mat alle Fligeren kënnen unzefänken.
Dës 7 Damme sollten fir e Jonggesellenabschid op Nice fléien. Dorausser ass elo näischt ginn.
E Samschdeg de Moien waren d'Probleemer geléist an d'Pist konnt nees voll genotzt ginn.
Gilles Feith: Beschtméiglech Léisunge fannen
De Gilles Feith, CEO vun der Luxair huet op Nofro erkläert, dass iwwer 1.000 Passagéier an enger Situatioun waren, wou Vollen hu missen annuléiert ginn oder et gréisser Retarde gouf. Siwe Volle goufen annuléiert, zesumme mat Lux-Airport hätten een alleguerten d'Vollen, déi nach ënnerwee waren, trotz enger reduced runway operation ze landen.
De Gilles Feith: "Ech muss soen, d'Ekippen hunn hei eng exzellent Collaboratioun gemaach a mir sinn extreem frou, fir wierklech déi gutt Zesummenaarbecht mat Luxairport, mat der ANA."
Wat ass da mat de Passagéier wou Vollen op den Destinatiounen oder um Findel annuléiert goufen?
De Gilles Feith:
"Wat dann natierlech d'Passagéier ugeet, déi mer hei zu Lëtzebuerg hunn, respektiv déi, déi op den Destinatioune sinn, sinn eis Ekippen elo amgaangen ze kucken, fir déi bescht méiglech Solutiounen ze fannen. A mir hoffen, datt mer déi da kënne relativ séier op eis eege Vollen oder iwwer aner Kompanien dann zréck op déi jeeweileg Destinatioune bréngen. Wéi gesot, bei enger ganz grousser Zuel kann dat natierlech e bëssen Zäit daueren. Mee eis Ekippen, déi si geüübt an déi sinn och ganz motivéiert. An ech wollt nach eng Kéier profitéieren, fir wierklech jiddwerengem Merci ze soen, dee bei dëser extreem exzeptioneller Situatioun hei e kale Kapp behält, fir ze kucken, datt mer eng propper Léisung fannen."



































