Nei Ekipp geet an d'Offensiv
Konkret Aktiounen um Terrain amplaz just um Pabeier: Dat ass d’Strategie fir d’Zukunft.
Den neie President Mike Poiré wëll méi no beim Bierger sinn a mat deem zesummeschaffen. D’Konferenz en Dënschdeg um Campus Kierchbierg wier e gutt Beispill: hei goung et ëm d’Fro, ob de Kampf géint de Klimawandel mam Denkmalschutz compatibel wier, esou Debate mat Erfarungen aus dem Ausland wéilt de Nohaltegkeetsrot reegelméisseg organiséieren.
De Minister wier averstane mat enger legislativ Reform, déi d’Missioune vum Le Conseil supérieur pour un développement durable nei definéiert. Et géif een och gäre méi staark ginn a méi aktiv um Terrain, amplaz nëmme kilometerlaang Avisen ze schreiwen, sou de Mike Poiré, deem et drëm geet, de Leit déi 17 Nohaltegkeetsziler méi nozebréngen.
Si Klima- an Denkmalschutz kompatibel?
D’Uni Lëtzebuerg an de Nohaltegkeetsrot hu probéiert, eng Partie Äntwerten op dës ganz aktuell Fro ze fannen, an dofir koumen op hirer Konferenz net just Experten vun hei, mä och auslännesch Spezialisten zu Wuert. Wat de Patrimoine an d’Pläng géint de Klimawandel ugeet, stéing de Grand-Duché guer net esou schlecht do, sou eng vun de Conclusiounen.
Wat Patrimoine an erneierbar Energien ugeet, huet de Mike Poiré eng kloer Virstellung, net just als President vum Nohaltegkeetsrot, mä och als Buergermeeschter vu Mäerzeg. Photovoltaik an Denkmalschutz dierfte sech net ausschléissen, denkmalgeschützten Haiser missten dierfe Solaranlagen op den Daach installéiert kréien. D’Optik dierft hei net priméieren.
Déi nei Ekipp wéilt also méi op d'Leit duergoen a wéi an dësem Fall vermëttelen, dass och an Zäiten, wou d'Wirtschaft ganz uewe stéing, wäertvoll Bauten, also heescht Zäitzeien, missten erhale ginn.
Déi wiere rar an Däitschland, nëmme méi ronn 3 Prozent vun der ganzer Bausubstanz, erkläre Vertrieder vum däitschen Denkmalschutz. E Beispill, wéi dat géing funktionéieren: Berlin Zehlendorf. Aus den 1930er Joren, ee vun den éischten Zeie vun der dätscher Denkmal-Fleeg. D’Zesummenaarbecht vu Bauhär an Denkmalschützer wier imperativ an de Staat misst de Leit finanziell ënnert d’Äerm gräifen.
Einfach a robust bauen
D’Urgence kucke mam Wëssen, dass eppes Ales otemt a mat der Fiichtegkeet ganz gutt eens gëtt! An dann erausfannen, wou een am meeschte ka spueren, ouni dass dat Ganzt ze deier gëtt, erkläert de Julien Carton vun der Energieagence a berifft sech op "Les conseils de ma grand-mère".
No der Renovéierung vum Héichhaus hätt d’Gebai iwwer 20 Prozent vu sengem Energieverbrauch agespuert! Eng Iddi, déi bestëmmt och bei d’Schuman-Gebai um Kierchbierg géing passen.
D’Konferenz war wéi gesot vum Nohaltegkeetsrot organiséiert ginn. Hei sinn déi nei Vizepresidentinnen d’Christina Mayer an d’Nancy Thomas.