Am Centre de Coopération Policière et douanière schaffen déi Däitsch, Franséisch, Belsch an Lëtzebuerger Police zesummen.

En Interregionalen parlamentaresche Conseil hat dësen Donneschdeg, a Presenz vun Deputéierten aus der Groussregioun a vum Lëtzebuerger Inneminister Léon Gloden, eng Sëtzung an dësem Kooperatiounszenter, dee säi Sëtz hei zu Lëtzebuerg huet. Hei gouf sech iwwer déi international Kooperatioun vun der Police an der Douane beroden, an och d’Grenzkontrolle vun eisen däitschen Noperen waren Thema. 

Police-Kooperatioun: E Reportage vum Céline Eischen

Zanter 2003 schaffe Police-Coordinateuren vu Lëtzebuerg a sengen Nopesch-Länner an engem Kooperatiounszenter mat Sëtz hei am Land zesummen. Esou Zentre sinn a ganz Europa verdeelt an erméigleche Prozeduren, wéi d'Iwwerpréiwe vu Personalien oder d'Poursuitë vu Brigangen, méi schnell a méi effikass ze maachen, esou den CSV-Inneminister Léon Gloden.
 
Léon Gloden (CSV): "Déi Zesummenaarbecht ka schnell an effikass gemaach ginn, zum Beispill wann eng Demande erakënnt, fir Donnéeë vun engem Regëster vun enger anerer nationaler Autoritéit ze kréien, muss natierlech d’Demande gemaach ginn, mee déi gëtt direkt eriwwer geschéckt. Do gëtt et Bléck-Kontakt, an dat gëtt direkt traitéiert."

Dës Zesummenaarbecht soll och an Zukunft moderniséiert ginn. Dofir gesäit sech d'Kommissioun vun der bannenzegster Sécherheet vum Interregionale Parlamentarier-rot reegelméisseg, fir nei Recommandatiounen auszeschaffen, wéi eis d'Kommissiounspresidentin an CDU-Landtags-Deputéiert aus dem Saarland, d'Anja Wagner-Scheid, erkläert.

Anja Wagner-Scheid (CDU): "Das werden wir jetzt in Gesprächen an der Stelle auch  in Empfehlungen ausarbeiten. Ich stelle mir auch eine engere Kooperation vor, an der Stelle ist KI ein Thema, Zusammenarbeit der Datensystemen, das sind Aufgaben der Zukunft."

Wat d'Grenzkontrollen ugeet, wier de Léon Gloden mat sengem däitschen Homolog Alexander Dobrindt a permanentem Austausch.
 
Léon Gloden (CSV):"Mir begéinen eis reegelméisseg op den Europäesche Conseilen natierlech. Dat ass ëmmer erëm e Sujet. Wann den Här Dobrindt mech begéint, da seet en ‘’Léo, ich weiss direkt was jetzt kommt’’. An dat kënnt dann och ëmmer direkt. An duerfir muss een ëmmer erëm d' Leit sensibiliséieren." 
 
Den Austausch hätt ënnert anerem dozou gefouert huet, datt d'Grenzkontrolle flexibiliséiert gi sinn. Esou kontrolléieren déi Däitsch an déi Lëtzebuerger Police deels zesummen, an dat och mëttlerweil méi wäit hannert der Grenz, fir de Verkéier ze berouegen. Fir d'Anja Wagner-Scheid sinn dat Pisten fir d'Kooperatioun ze verdéiwen.
 
Anja Wagner-Scheid (CDU): "Das sind Dinge, die an der Stelle zu einer stärkeren Harmonisierung und Zusammenarbeit beitragen, das befürworte ich sehr und klar muss sein, keine Kriminalität in Europa, keine irreguläre Migratioun in Europa, und dazu brauch es eine Stärkung der Aussengrenzen, aber auch eine engere Kooperation hier in der Großregion." 

Bis op d'mannst nach Mëtt Mäerz d'nächst Joer sollen d'Grenzkontrolle bäibehale ginn.
 
Fir ënnert anerem den Austausch vun Informatiounen mat den Nopeschlänner ze vereinfachen, gouf iwweregens am Juli dëst Joer een entspriechende Gesetzes-Projet an der Chamber deposéiert.