Zwee Blesséierter bei Kollisioun tëscht Camion a fënnef Autoen

© Domingos Oliveira / RTL
De CGDIS mellt en Donneschdeg dräi Accidenter, bei deenen et am Ganzen dräi Blesséierter gouf. Duerch den Accident op der A6 gouf et iwwerdeem vill Stau.
Wéi de CGDIS schreift, wier et kuerz no 16 Auer zu der Kollisioun op der A6 Richtung Arel komm, bei där zwee Leit blesséiert goufen. Am Trafic-Info vum CITA ass ze liesen, datt et tëscht engem Camion a fënnef Autoen tëscht de Sortië Bartreng a Stroossen geknuppt hätt.
Kuerz viru 17 Auer ass den Trafic iwwer d'Iwwerhuelspuer gaangen, d'Pannespuer an déi riets Spuer si gespaart. De Réckstau geet schonn iwwer 6 Kilometer.
Um Asaz op der A6 sinn d'Rettungsdéngschter aus der Stad
Donieft war zu Mäertert an der Route de Wasserbillig géint 16.11 Auer e Scooter vun engem Auto ugestouss ginn. Hei blouf et awer beim Materialschued. Um Asaz waren d'Ambulanciere vun Iechternach an d'Pompjeeë vu Mäertert.
Zu Téiteng an der Haaptstrooss war géint 16.33 Auer e Foussgänger vun engem Auto ugestouss a blesséiert ginn. Hei war de Samu aus der Stad zesumme mat den Ambulanciere vun Diddeleng an d'Pompjeeë vu Keel op der Plaz.