De Chaos Computer Club oder kuerz den C3L gesäit an Iwwerwaachungskamerae keng Verbesserung vun der Sécherheet, am Géigendeel ...

Et géif ëmmer méi schwéier ginn den Iwwerbléck ze behalen, sou den Jan Guth, Member bei C3L. Esou Systemer géife engem vläicht d'Gefill vu Sécherheet ginn ma géingen um Enn dach näischt bréngen.

Et gëtt virun allem kritiséiert, dass dës Kamera-Iwwerwaachungs-Systemer oder och nach CCTV-Systemer genannt, net genuch geschützt sinn, an sou zougänglech gi vir Hacker. Et ass also wichteg, d` Leit drop hinzeweisen, dass dëst ouni Problem och zu Lëtzebuerg geschéie kann. Op der anerer Säit gesinn déi vum C3L dëst éischter als eng Iwwerwaachung un déi dacks vill ze déif an d'Privatsphäre vun den Bierger agräift.

Aus dësen Grënn huet den C3L, zesumme mat aneren Hackere vu Paräis oder Lyon en Internet-Programm geschriwwen, deen et erméiglecht Iwwerwaachungs-Kameraen anzedroen, ze beschrëften, an eben d'Leit drop opmierksam ze maache wou eng Kamera hänkt an wat alles gefilmt gëtt.  Sou ass et méiglech de Leit ze weise wou se gefilmt ginn an et ass och en Wee fir ze kontrolléieren op dës Kameraen ugemellt sinn an och nëmmen dat filme wat rechtlech erlaabt ass. Et geet virun allem awer drëms, sech net ze vill op d'Technik ze verloossen an rëm méi op Policepräsenz ze setzen.

Wann een lo sou eng Kamera gesäit, kann een einfach op bigbrother.lu goen an den Standpunkt an aner wichteg Informatiounen an enger Open Source Map androen. Sou ass et méiglech, dass all Mënsch direkt an einfach nokucke ka wou eng Kamera plazéiert ass. De Chaos Computer Club fënnt een awer och am Internet, an dat op hirem Site c3l.lu