An der Chamber gouf um Donneschdegowend spéit iwwert déi ëmstridde Reform vum Ofdreiwungsgesetz aus dem Joer 1978 ofgestëmmt.

D’Chamber huet no enger laanger an intensiver Debatt d’Reform vum Gesetz iwwert den Avortement ugeholl. CSV an LSAP hu mat enger Ausnahm dofir gestëmmt. Den Text ass mat 39 zu 21 Stëmmen ugeholl ginn.

D’DP, déi Gréng an déi Lénk hu géint d’Gesetz gestëmmt, well et net wäit genuch geet. D’Marie-Josée Frank (CSV) an 3 ADR-Deputéiert hunn Nee gestëmmt, well den Text hinnen ze liberal ass.

AUDIO: D'Marie-Josée Frank

D'Marie Josée Frank ass just an engem Fall mam Avortement d'Accord an dat ass wann ee Kand duerch ee Viol entstan ass.

Bis déi 12. Woch vun der Schwangerschaft kann eng Fra an Zukunft ofdreiwen, wann se an enger Noutsituatioun ass, an ob et esou eng Noutsituatioun ass, dat decidéiert d'Fra alleng.

De groussen Diskussiounspunkt ass awer déi zweet Berodung. D'Fra déi iwwert eng Ofdreiwung nodenkt muss dem Gesetz no op d'mannst 3 Deeg virum Avortement bei ee Gynécologue goen an dann awer och nach an eng Psycho-Sozial Berodung. Do soll d'Fra net an déi eng oder aner Richtung orientéiert gi mä Informatioune kréien iwwer Hëllefen an Alternativen. D'DP an Déi Gréng hunn um Donneschdeg nach proposéiert d'Fra just z'invitéieren déi Berodung ze maachen.

D'Viviane Loschetter huet d'Wäertneutralitéit vun der Politik a Fro gestallt.

AUDIO: D'Viviane Loschetter

Fir d'Viviane Loschetter sollt den Avortement an engem Code de la Santé behandelt ginn an net am Code Pénal.

Als Fortschrëtt huet den Alex Bodry d'Stroffräiheet ervirgestrach, am ale Gesetz wier een Avortement par défaut eng Infraktioun déi ënner verschidddene Konditiounen net bestrooft gëtt. Am neie Gesetz wier eng Ofdreiwung no de Reegele keng Strofdot méi. Den Alex Bodry huet ënnerstrach, dass dëst Gesetz ee Kompromëss ass.

De Gesetzprojet, dee viru bal 3 Joer deposéiert gouf, ass also awer elo no ganz villen Diskussiounen ugeholl.

RTL

D'Ofdreiwungsgesetz war iwwregens dee lescht Punkt um Ordre du Jour vun der Chamberssëtzung um Donneschdeg.

Als éischt gouf en Donneschdegmëtten de Roland Schreiner vereedegt, deen d'Vera Spautz an de Reie vun der LSAP ersetzt. D'Vera Spautz hat jo déi lescht Woch demissionéiert.
De Gewerkschaftler a Buergermeeschter vu Schëffleng war schonn an der Legislatur virdrun Deputéierten an iwwerhëlt also elo d’Ressorte vum Logement, Aarbecht a Famill.

Dono war eng Aktualitéitsdebatt iwwert d'Cargolux an eng Orientéierungsdebatt iwwert d'Finanzéierung vu groussen Investissiounsprojeten.

Ofdreiwungsgesetz: Manif a Géigemanif virun der Chamber

RTL

Turbulent Zeenen um Donneschdeg virun der Chamber: Do waren am fréien Nomëtteg zwou Manifestatiounen. De Collectif "Si je veux" hat seng Protestaktioun géint d'Ofdreiwungsreform am Virfeld ukënnegt, op eemol hunn aner Leit kleng Doudelueden aus Kartrong um Buede placéiert, fir géint den Avortement ze demonstréieren. / © Max Theis

Deenen engen, spréch der Kierch, geet den Text ze wäit, deenen anere geet en net wäit genuch.

De Kollektiv "si je veux" kritiséiert besonnesch, déi zweet obligatoresch Berodung, déi eng Fra muss maachen, ier se dierf ofdreiwen.

Dës Berodung muss d'Fra an engem "Service psycho-social" maachen a Kritiker fäerten, datt si do an hirer fräier Decisioun beaflosst gëtt.

De Kollektiv "si je veux" hat fir 13h30 op eng Protestaktioun um Krautmaart geruff. Déi Protestaktioun gouf och vun AHA ënnerstëtzt.

D'Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker nennt deen Text, dee virläit, e faule Kompromëss a bedauert, datt reliéis motivéiert Fräiheetslimitatiounen net nëmme Membere vun der Kierch, mä der ganzer Gesellschaft opgezwong géifen.

Wéi d'Manif fir méi Fräiheete beim Avortement am Gaange war, sinn op eemol Géigemanifestante komm, déi ang ganz Partie wäiss Doudelueden aus Kartong um Krautmaart deponéiert hunn.

Initiateur vun der Géige-Manifestatioun, déi vun eenzelne Leit als makaber ugesi gouf, war eng äerzkonservativ Organisatioun mam Numm "Pro Europa Christiana" vu Bréissel. Si hat ënnert dem Motto "Alerte au Luxembourg" ënnert anerem iwwer Facebook mobiliséiert.

Déi aner Manifestanten hunn doropshi probéiert, d'Kartongsluede futti ze trëppelen an d'Police huet mussen agräifen, fir eng Konfrontatioun z'evitéieren.

RTL

© RTL / Frank Kuffer

AUDIO: Turbulent Zeenen: Manif a Géigemanif vrun der Chamber
Avortement: Manif a Géigemanif
100 Fraen haten sech virun der Chamber versammelt fir géint d'Reform ze protestéieren bis d'Ambiance gekippt ass wéi Avortementsgéigner mat Kannersärg koumen