Am spéiden Nomëtten um Dënschdeg huet de Premier-a Medienminister Xavier Bettel d'Press empfaangen.

Do war et ënner anerem d'Nouvelle, dass an Zukunft de Briefing nom Regierungsrot live gestreamt gëtt.

RTL

No der offizieller Ried huet de Premier am Interview op d'Déngschtwon-Affaire reagéiert. Hien huet - wéi an der Äntwert op d'Parlamentaresch Fro um Méindeg – widderholl, datt d'Madame Closener de Kodex respektéiert hätt, mä verschidde Punkte giffen net wäit genuch goen. Dowéinst soll an den nächste Wochen en neit Gesetz presentéiert ginn an dat soll da sou séier wéi méiglech gestëmmt ginn.

AUDIO: De Xavier Bettel

De Xavier Bettel versteet deels d'Reaktioune vun de Leit, wann een et net gutt erkläert. De Prinzip „dat ass nach ëmmer sou gemaach ginn“ wär keng Ausried, wann eng Regierung seet, si wéilt et anescht maachen. Mat enger „CD-Plack“ dierft een elo op op alle Fall net méi privat an d'Ausland fueren. Et wär och wichteg, datt d'Madame Closener sech entschëllegt huet. Déi Affaire soll ee lo zoumaachen a sech op déi grouss Dossiere konzentréieren a schaffen, sou de Xavier Bettel.

RTL

Op där Neijoosch-Receptioun huet de Premier also och confirméiert, datt de Briefing fir d'Press nom Regierungsrot soll d'Regel sinn an net d'Ausnahm. De Briefing soll an Zukunft och live am Internet iwwerdroe ginn; méi spéit soll och d'Gebärdesprooch derbäi kommen. D'Gesetz iwwert den Zougang zur Informatioun soll iwwerschafft ginn, do hätt Lëtzebuerg „Nachholbedarf“.

Virum Premier huet och de President vum Presserot geschwat, de Fernand Weides. Hien huet d'Press fir hir Aarbecht 2013 gelueft, wou vill investigativ geschafft ginn ass. Am Bommeleeër-Prozess wier et bis ewell just ee Veruerteelte ginn – an dat wär e Journalist, notamment de Marc Thoma, also och nach een, dee mat opgedeckt hätt. De Presserot ënnerstëtzt de Journalist bei senger Demarche, datt e sech op seng Pressefräiheet beruff huet a keen Eed wollt ofleeën.

RTL
AUDIO: De Reportage vum Carine Lemmer (08/01/2014 - 7h30)
Affär Closener: Premier versprécht neit Gesetz
D'Staatssekretärin Closener huet an aller Legalitéit den Déngscht-Auto fir an d'Vakanz geholl, e neit Gesetz soll esou Affairen awer an Zukunft evitéieren.