Hien hat op sengem Internetsite, deen nach ëmmer funktionéiert, ë.a. geschriwwen, hie géif an engem "jüdesche Kannermäerder-Staat" liewen.

Den Ugekloten, deen ouni Affekot ugetrueden ass, hat dowéinst vum Parquet Opruff zum Haass virgehäit kritt. Donieft stéieren de streng gleewege Chrëscht och Moslemen a verschidde Katholiken, hien huet Problemer mat Homosexuellen an Atheisten an doriwwer eraus den Holocaust a Fro gestallt. De Mann, deen am Oktober wéinst enger Infractioun zum Waffegesetz zu enger Geldstrof veruerteelt gi war, sot, seng Aussoe wären zwar provokativ, awer satiresch gemengt gewiescht.

Den zoustännegen Enquêteur vun der Police judiciaire huet ausgesot, iwwert d'LISA-Stopline wär säi Service op den Inhalt vum Internetsite opmierksam gemaach ginn. De Kannermord, vun deem de Beschëllegte geschriwwen huet, wär e Synonym fir d'Ofdreiwung, d'Judden hätten a sengen Aen iwwerall hir Fangeren am Spill an alles, wat anescht wär wéi seng Glawensrichtung, wär falsch, sou de Polizist. De Mann, deen net schafft, bei sengen Eltere lieft an ë.a. Philosophie studéiert huet, wär wuel e capable Mënsch, hätt awer Problemer, sech an d'Gesellschaft z'integréieren, wär net ëmfänglech fir Kritik a stur a reliéise Froen. Bei him doheem wären och eng Rëtsch Waffe fonnt ginn, déi hie bräicht, wéi hie sot, fir sech an engem méigleche Biergerkrich ze verdeedegen. Fir den Enquêteur gëtt et beim Ugeklote keng Asiicht.

De Mann selwer huet erkläert, hien hätt wëlle Prof ginn, sech et dunn awer anescht iwwerluecht. D'Zil vu sengem Internetsite wär et, d'Leit ze warne virun deem, wat kéint kommen. Hien hätt näischt géint Judden, bräicht sech net psychiatresch suivéieren ze loossen, well hie kee Problem hätt, an et dierft een him seng Meenung net verbidden. Wouropshin de President vum Geriicht gemengt huet: „Wann Dir net wëllt verstoen, dass dat hei net geet, da braucht Dir net verwonnert ze sinn, wann et rabbelt!“, spréch dass de Mann an de Prisong misst.

Fir de Riichter kéint e psychiatreschen Traitement dem Mann eppes bréngen. Doropshin huet dee geäntwert: „Wa keng Pëllen dobäi sinn!“ D'Vertriederin vum Parquet huet vun engem atypeschen Dossier geschwat a vun engem Mënsch, deen net integral schlecht wär; hie géif awer d'Meenungsfräiheet net richteg opfaassen. Verschidde Saachen dierft een einfach net soen, an hei wär ee ganz kloer an engem Fall vun Opruff zum Haass géint Judden. Well um Internetsite nach aner Saachen net an der Rei waren, misst ee Limitë setzen, huet d'Substitutin gemengt, fir déi de Beschëllegte krank wär, awer wéisst, wat e gemaach hätt. „Et geet drëm, dass dat net méi virkënnt, well wa bis en Uerteel steet, an et kommen nach weider sou Aussoen, da bedeit dat Prisong!“, huet d'Vertriederin vum Parquet ënnerstrach. Si huet um Enn, nieft enger Geldstrof, ee Joer Prisong mat Sursis probatoire gefuerdert, mat eben der Oplo fir de Mann, sech psychiatresch behandelen ze loossen.

D’Uerteel an dëser Affär gëtt de 26. Februar gesprach.