Déifferdeng kritt definitiv een neie Buergermeeschter. De Gemengerot huet um Mëttwoch déi nei Equipe mat un der Spëtzt dem Roberto Traversini ugeholl.

De Buergermeeschter gouf mat 13 Stëmmen ugeholl, bei 4 Nee an enger Abstentioun. Et huet also och op d'mannst ee vun der DP fir de Grénge gestëmmt.

Di nei Gréng, rout, schwaarz Koalitioun léist blo-gréng of.

Um Mëttwoch de Moie gouf och den neien LSAP-Conseiller Pierre Hobscheit vereedegt.