En Dënschdeg gouf um 13 Auer bei den Diddelenger Pompjeeën de Groussalamt ausgeléist. An der Rue Bannent hat eng Kiche gebrannt.

De Brand war bannent 10 Minutten ënner Kontroll. D'Kichen ass awer ganz verbrannt. 3 Persoune goufe wéint Verdacht op Dampvergëftung fir d'Kontroll an d'Spidol bruecht. Eng Enquête leeft, fir d'Brandursaach erauszefannen. Op der Plaz waren d'Pompjeeën an Ambulanzen vum Asazzenter Diddeleng, ma och d'Diddelenger Police.