Nodeems en Auto sech e Sonndegmueren op der A3 Direktioun Frankräich iwwerschloen hat, wollt de Chauffer seng Kollegen aus dem Auto zéien a gouf ugestouss.

Géint 06.50 Auer hat de Chauffer vun engem Auto op der Héicht vum Beetebuerger Kräiz, aus nach ongekläerter Ursaach, d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer.

De Won ass fir d'éischt widdert d'Leitplanke gerannt an huet sech iwwerschloen.

Wéi de Chauffer sengen zwee Kollegen aus dem komplett zerstéierten Auto wollt eraushëllefen, gouf hie vun engem aneren Auto ugestouss. De Mann gouf dobäi liewensgeféierlech blesséiert.

Seng Kollege goufe schwéier, respektiv liicht verwonnt. De Chauffer vum zweeten Auto hat nom Virfall ee Schock.

Wéi et genee zum Accident komm ass, muss nach gekläert ginn. D'Police sicht an deem Kontext no Zeien. Si solle sech um 113 mellen.

Op der Plaz war d'Police, 2 Ambulanze an den de Centre d'Intervention vu Beetebuerg an Diddeleng, sou wéi de Miess- an Erkennungsdéngscht.