Den elektronesche Patientendossier soll bekanntlech nach dëst Joer agefouert ginn. Di ganz Krankegeschicht gëtt am Dossier gespäichert.

Just de Patient decidéiert, wei een Dokter, Apdikter oder soss ee Prestataire di Dokumenter kucke kann.

Eng Hellewull un Ordonnancen, Roentgebiller, Analysen a medizinesche Resultater also, déi viru friemem Zougrëff geschützt musse ginn: Dat ass déi grouss Erausfuerderung vum sougenannte „Dossier soins partagé“. E Grond, firwat de Chaos Computer Club éischter skeptesch ass.

Den elektronesche Patientendossier hätt definitiv Virdeeler, mä de Chaos Computer Club bleift kritesch. Am Gespréich mam RTL bezweiwelt de Jan Guth den Zäitpunkt, fir den Dossier anzeféieren. Di grouss Fro wier nämlech, wéi den Dossier implementéiert sollt ginn. An do géifen et nach ze vill Inconnuen. De Chaos Computer Club kritiséiert, datt dat Thema nach net breet genuch an der Ëffentlechkeet diskutéiert gouf. Dofir misst een dat Ganzt mat enger gewësser Skepsis betruechten. Et géife beispillsweis nach Informatiounen iwwert d'Verschlësselungstechnike feelen.

Et misst een ënnert anerem aus den Fehler vun der däitscher „Gesundheitskarte“ leieren. Di Kaart sollt schonn 2006 agefouert ginn, allerdéngs gouf d'Testphas zënter hier e puer Mol verlängert. Och di däitsch Doktere wiere sech mat Hänn a Féiss géint di Kaart. Si kritiséieren, datt d'Donnéen op enger zentraler Plaz gespäichert ginn.

Verhënnere kinnt een dat mat enger technescher Implementatioun, di eppes daacht. An dem Kontext misst ee sech un den Erfahrungen aus dem Ausland orientéieren. D'Gesondheetsministesch Lydia Mutsch hat de Freiden op eiser Antenn betount, datt den elektronesche Patientendossier nach net operationell wier. Et wëllt een lo vun den nächste Woche profitéieren, fir mat der nationaler Dateschutzkommissioun ze schwätzen. Réischt wann alleguerte Sécherheetsbedenken aus dem Wee geraumt wieren, well d'Gesondheetsministesch gréng Luucht ginn, fir de Projet op den Instanzewee ze bréngen.

AUDIO: De Reportage vum Eric Hamus (18/02/2014 - 18h30)