Een net alldeegleche Projet gouf an de Käpp vun zwee Lëtzebuerger Ingenieuren an engem Architekt gebuer ...

Eng 3. Dimensioun, fir Verkéiersproblemer ze léisen - während dem Chantier vum Tram oder souguer villäicht fir ëmmer?

Eng Seelbunn fir d’Stad Lëtzebuerg?
Zwee Lëtzebuerger Ingenieuren an e Architekt hunn de Mëtteg den éischter originelle Projet virgestallt. Eng Seelbunn vun der Stater Gare bis bei d'Héichhaus.

Eng Seelbunn soll d’Stater Gare mam Kierchbierg, op der Héicht vum Héichhaus, verbannen. 10.000 Leit kéinte pro Stonn transportéiert ginn: en Trajet, garantéiert ouni Stau, vu just 8 Minutten.

RTL

Den Tram dierft jo Realitéit ginn an den entspriechende Projet soll geschwënn duerch d'Chamber. Ma zwéi Lëtzebuerger Ingenieuren hunn elo nach eng aner Iddi ze proposéieren, fir de Verkéiersproblem an der Stad, op d'mannst zu engem Deel, ze léisen. Eng Seelbunn, déi vun der Gare op de Kierchbierg geet. Dat ass an den Aen vun den Ingenieure Mathias Foehr a Georges Feltz d'Léisung. Dës betounen, datt et an éischter Linn net drëms geet, eng Touristen-Attraktioun ze schafen, mä e Transportmëttel, mat villen Avantagë géintiwwer dem Tram. Net vill Kaméidi, net vill Personal, méi ökologesch, kuerz Bauzäit...d'Initiateuren hate vill Argumenter fir hir Seelbunn. Si stelle sech dann och verschidde Modeller vir, d'Seelbunn kéint zum Beispill eng Tëscheléisung si bis den Tram fäerdeg ass, ma eben och en Transportmëttel wat den Tram, op d'mannst zum Deel, kéint ersetzen.

AUDIO: De Mathias Foer
RTL

Op de Quaie vun der Gare géing d'Seelbunn fortgoen a kéim nieft dem Héichhaus um Kierchbierg un. De Basis-Käschtepunkt léing den Initiateuren no bei 35-40 Milliounen €. Den Trajet an der Loft hätt ronn 2,3 Kilometer an am Ganze misste 5 Masten opgeriicht ginn. 50 Kabinnen à 35 Passagéier géinge gebraucht ginn. D'Seelbunn vun den zwéin Ingenieure soll mat 20 km/h fueren an 8 min brauchen.

Et ass also lo mol eng Iddi a vill Froe bleiwen: Wat seet d'Regierung dozou? Bleiwen déi aner Quartieren op der Streck?Wéi kéint esou eng Seelbunn bedriwwen a finanzéiert ginn? Wat seet d'Gesetz, wann an der Loft iwwert der Stad eppes soll gebaut ginn?

Wie sech fir d'Iddi vun der Seelbunn interesséiert: E Freideg den Owend gëtt dës dem Public an allen Detailer virgestallt, Rendezvous ass ëm 19 Auer am Forum Da Vinci.

RTL
RTL