Op der Diddelenger Autobunn sinn e Mëttwoch den Owend géint 20h15 e Camion an e volle Reesbus aus ongekläerte Grënn anenee gerannt.

Am Bus souze 35 Leit. Et ass awer kee blesséiert ginn. Just zwou Persounen haten e Schock a sinn op der Plaz behandelt ginn.