D'Lëtzebuerger Asbl Etika huet fir d'4. Kéier nees de Prix Etika iwwerreecht, dee besonnesch innovativ, sozial an ekologesch Projete auszeechent.

D'Gewënner vun dësem Joer sinn d' Organisatiounen ''Fonds St. Sébastien Rëmeleng'' an ''Mami et moi''. Grouss Unerkennung kruten och de Bio-Bauerenhaff vun der Famill Kass-Staudenmayer an de Veräin ''Cultur-all''.