Virun 20 Joer gouf an enger speziell dofir geschafener Enquêtëkommissioun vun der Chamber e Schlussstréch ënnert déi sougenannte „Wallissenaffär“ gezunn.

Déck zwee Méint virdrun, am Januar 1994, hat den deemolegen adr-Deputéierte Robert Mehlen um Kongress vum „Fräie Lëtzebuerger Bauereverband“ behaapt, d'Bauerenzentral hätt Lëtzebuerger Parteie Sue gespent.

Ë.a. hätt de Marc Fischbach, dee kuerz drop fir d'CSV Minister gouf, 1984 am Chalet Mierscherbierg eng Wallis mat bal zwou an enger hallwer Millioun Frangen dra kritt. Am Verlaf vun den Aarbechte vun der Enquêtëkommissioun hat sech awer z.B. erausgestallt, dass dee Chalet eréischt 1985, also d'Joer drop, op goung. Donieft hat dee Mann, deen dem Marc Fischbach déi ominéis Wallis sollt iwwerginn hunn, dee Fait kategoresch dementéiert, iwwerdeems d'Bauerenzentral vu „béiswëllege Ligen“ vun der adr geschwat hat. Den 18. Mäerz 1994, also haut virun 20 Joer, sot de President vun der Enquêtëkommissioun, de spéidere Chamberpresident Lucien Weiler vun der CSV, dat heiten zum Robert Mehlen:

"Nee seet hien, dat ass net sou ze verstoen. Ech hu keng Affirmatioune gemaach. Ech wollt nëmmen Hypotheesen opstellen ... huet en textuell gesot. Ech wollt Hypotheesen opstellen, wann dat sou gewiescht wär. Mä e war formell, ech hunn net behaapt, an ech wollt net behaapten, dass d'Bauerenzentral Parteispenden bezuelt hätt, an et war och net a menger Intentioun. Ech wollt net, dass an der Ëffentlechkeet sou eng Impressioun géif entstoen."

Den 1. Februar 1994 war d'Enquêtëkommissioun Wallissenaffär an d'Liewe geruff ginn: Si hat als Missioun, Zitat, "d'enquêter sur les sources de financement des partis politiques et leurs campagnes électorales".

D'Kommissioun, déi am Ganzen 9 mol zesumme komm war, fir Zeien ze héieren, hat um Enn festgehalen, dass de Robert Mehlen net dee geréngste Beweis fir seng Aussoen erbruecht an déi Deklaratiounen och zréckgezunn hätt. Si hat doriwwer eraus vun enger irresponsabler Attitude vum Deputéierte Mehlen a vu senge politesche Frënn geschwat, déi, Zitat, „ont mis en scène cette construction carrément calomnieuse“. Virun deem Hannergrond hat d'Enquêtëkommissioun der Chamber och recommandéiert, dem Bâtonnier vum Stater Barreau dee ganzen Dossier weider ze ginn.

AUDIO: De Reportage vum Eric Ewald (18/03/2014 - 12h30)