De "KaJuTel", wat fir Kanner- a Jugendelefon steet, huet säi Bilan vun zejoert gezunn. D'Nummer 116 111 ass ronn 35% méi dacks ugeruff gi wéi nach 2012.
Zum Kanner- a Jugend-Telefon gehéieren och d'Online-Hëllef op www.kjt.lu, den Telefon fir Elteren, d'Helpline vu Beesecure a Beesecure stopline.
707 Kanner a Jonker hu sech zejoert op der Nummer 116 111 gemellt, dat sinn 186 Appelle weider ewéi 2012.
D'Haapttheme si Schwieregkeeten an der Famill, d'Relatioun mat Frënn a Kollegen am selwechten Alter, mä et ass awer och ëm Sexualitéit, Partnerschaft an ëmmer nees och ëm Gewalt an der Famill gaangen. Datt méi Appeller era komm sinn, gëtt am Joer vun der Ëmstellung vun der Telefonsnummer als positiv bewäert. Déi viregt Nummer, den 12345 war virdrun 20 Joer laang am Gebrauch.
Kanner a Jonker, déi uruffen, kënne sécher sinn, datt hiert Gespréich vertraulech traitéiert gëtt, déi aner Säit hieft och ëmmer eng Persoun op, déi speziell forméiert ass an déi sech déi néideg Zäit hëlt.
Anonym a vertraulech fonctionnéieren och déi aner Zerwisser.
Zejoert haten 102 Jonk Mënschen iwwer Problemer an der Famill, Gedanken iwwer Suicide a Liewensängst un d'Online-Hëllef geschriwwen.
152 Mammen a Pappen
Donieft notéieren déi Responsabel vum Kanner- a Jugend-Telefon, datt hiren Extra-Telefon fir d'Elteren och ëmmer méi Zoulaf kritt. Do kënne Mammen a Pappen zum Beispill Froen iwwer Erzéiung oder de richtegen Ëmgang mat Teenager stellen, 152 Mammen a Pappen haten zejoert vun där Offer profitéiert, dat waren der 21 weider ewéi 2012.
Wat d'Beesecure Helpline ugeet, hu sech d'Appeller esou guer quasi verduebelt, op 135. Do hu Froen iwwer Internetsécherheet an awer och iwwer Cybermobbing dominéiert.
Am KaJuTel schaffen am ganze 45 speziell forméiert Leit.
Enn vun dësem Joer gëtt iwwregens eng nei Formatioun lancéiert. Et gëtt präziséiert, datt all Interessente wëllkomm sinn. Et sollten awer Leit sinn, déi sech fir hir Matmënschen, a fir d'Uleies vu Jonken interesséieren, déi oppe an och Zouverlässeg sinn.
Déi 5 Zerwisser mat engem Kontakt:
Kanner-Jugend-Telefon 116111
Online-Help www.kjt.lu
Elterentelefon 26 64 05 55
BEESECURE helpline 26 64 05 44
BEESECURE stopline