De Grand-Duc huet fir d'éischt den André Bauler (DP) empfaang, dee jo aus gesondheetleche Grënn als Staatssekretär am Educatiounsministère zerécktrëtt.

Duerno gouf säi Successeur Marc Hansen als neie Regierungsmember vereedegt.

De Marc Hansen huet awer net bis seng Vereedegung gewaart, fir unzefänken sech a seng nei Funktioun an ze schaffen. Hien nennt säi Posten als Staatssecrétaire an de Ministère vum Claude Meisch fir Educatioun an Héichschoulen, eng grouss Erausfuerderung an hie wier sech bewosst, datt et ganz vill Aarbecht an deene Ministère géif ginn.

Wou konkret dee Sputt läit a wat seng Prioritéite sinn, wollt de Marc Hansen nach net soen, de Claude Meisch an hie misste sech elo mol fir d'éischt openneen astellen, hie misst Dossieren nach am Detail studéieren an och d'Leit an de Ministère kenneléieren. Fir hie wär den Equipegeescht ganz wichteg.

De Marc Hansen ass sech bewosst, datt hie keng 100 Deeg Schounfrist wéi d'Regierung wäert kréien, fir sech anzeschaffen, mä wëll sech awer déi néideg Zäit huele, fir et grëndlech ze maachen.