De Chauffer konnt sech mat Zäiten a Sécherheet bréngen, éier säi Won um Sonndeg de Moie kuerz no 5 Auer dem Brand zum Affer gefall ass.

En Totalschued wier net méi z'evitéiere gewiescht, notéieren déi Diddelenger Pompjeeën, déi am Asaz waren.

Wéi d'Leit aus dem Centre d'intervention vun Diddeleng op d'Plaz komm sinn, huet den Auto, deen op der Diddelenger Autobunn an der Sortie Léiweng Richtung Stad stoung, schonn zolidd gebrannt.

© Centre d’Intervention Dudelange

D'Pompjeeën hunn de Brand mat Drockloft-Schaum geläscht, ma ze rette war d'Gefier net méi. Ëmmerhi gouf kee blesséiert.

Wat d'Feier ausgeléist huet, muss nach erausfonnt ginn.

Nieft de Pompjeeën war och d'Police vun Diddeleng do. Deene war den Auto opgefall, well e vill aus dem Capot gedämpt huet. Si hunn de Chauffer opgefuerdert, sech vum Auto z'eloignéieren, fir sech a Sécherheet ze bréngen. Kuerz drop stoung säi Won dunn och schonn a Flamen.

D'A3 war fir ronn eng Stonn gespaart.

© Centre d’Intervention Dudelange

2 aner Bränn op der Strooss

E Samschdeg géint 20 Auer huet e Camion zu Bech-Maacher gebrannt. Hei geet d'Police vun engem Kuerzen an der Batterie aus.

A kuerz vrun 23 Auer um Samschdegowend huet et an enger Camionnette zu Déifferdeng geflaamt. Iwwert d'Ursaach soll hei eng Enquête eppes erginn, hofft d'Police.

De Brand op der A3. / © Police