D'Associatioun vun de Lëtzebuerger Studentencercele positionéiert sech haut nach eemol a punkto Studiebäihëllefen a mécht eng Partie Proposen.

Sou fuerdert d'ACEL, dass d'Bourse de Base op de Montant vum Kannergeld soll fixéiert ginn. Weider sollen déi Studenten, déi kee Recht op de volle Montant vun der sozialer Bourse hunn, d'Méiglechkeet kréien dësen Deel als Prêt ze huelen. Op déi Manéier hätt all Student d'Méiglechkeet dee selwechte Montant ze kréien, och wann den Undeel vum Prêt dann a verschiddene Fäll méi héich wier.

Gefuerdert ginn donieft méi Studentewunnengen oder eng Wunnengsbäihëllef fir d'Studente vun der Uni Lëtzebuerg. Sou misst zum Beispill ee Student, deen am Éislek wunnt awer um Belval studéiert och Recht hunn op eng Hëllef. Et dierft och net bei deene sozial Schwaache gespuert ginn, sou nach d'ACEL an den neie System dierft och net zu enger onméiglecher bürokratescher Demarche féieren.