D'Deklaratioun iwwert d'Lag vun der Natioun, déi éischt fir de Premier Bettel no 18 Joer Jean-Claude Juncker, stoung um Mëttwoch um Programm.

Wann ee gären hätt, datt eppes geléngt, da muss d’Loscht op de Succès méi grouss sinn ewéi d’Angscht virum Échec. Esou huet de Premier seng éischt Ried zur Lag vun der Natioun ugefaangen.

AUDIO: Etat de la nation/Reportage Dany Rasqué

D'Staatsschold war den éischte Sujet vun dem Premier senger Ried zur Lag vun der Natioun. De Xavier Bettel seet, datt d'Sympthatiewäerter elo keng Roll fir hie spillen. Et misst een elo éierlech sinn mat de Leit, wat den Zoustand vun de Staatsfinanzen, d'Problemer vun der Finanzplaz an och de Chômage virun allem bei de Jonken, ugeet. De Staat misst elo fir d'éischt bei sech selwer spueren.
D’Depensë beim Staat wuessen dëst Joer nëmmen ëm 3,5 Prozent a ginn domadder méi lues erop, ewéi d’Recetten, esou de Xavier Bettel. Dat géif derzou féieren, datt d’Staatsschold 2014 relativ stabel bleift. Domadder wier eng éischt Consolidéierung vum Budget erreecht. De noutwennege Spuereffort soll beim Budget 2015 weidergoen, "de Staat gëtt méi effizient, d’Depensë méi sozial gerecht an eng ëmfaassend Steierreform gëtt 2016 parallel dozou preparéiert an 2017 trëtt se a Kraaft.

Et feelen d'nächst Joer 800 Mio € wéinst dem E-Commerce."Deen integrale Montant kréie mer net opgefaangen, mä de Coup muss ofgefiedert ginn. Dofir géing een net laanscht eng Hausse vun der TVA kommen an dofir wäert den Taux op den 1. Januar 2015 also ëm 2 Prozentpunkte klammen, sou de Xavier Bettel.  Den Taux vun 3 Prozent gëllt dann nëmmen nach um Haaptwunnsëtz. Fir d’Acquisitioun oder d’Aarbechten un engem zweete Wunnsëtz oder engem Logement, wat soll verlount ginn, gëtt deen niddregen TVA-Taux net méi applizéiert. Duech d'TVA-Hausse gi sech Recettë vun 350 Mio € erwaart. Et gi keng Interêt notionnels agefouert.

Wat d'Indexmodulatioun ubelaangt, proposéiert d'Regierung mat de Sozialpartner, nach virum Summer e globalen Accord ze fannen. Een Accord ouni gesetzlechen Agrëff an den Indexmechanismus, deen der Präisentwécklung Rechnung dréit an de Betriber a Salariéeë Planungssécherheet gëtt, sou de Premier. Sollt d'Inflatioun- déi den Ament ganz niddreg ass- awer nees unzéien, misst op en Neits legiferéiert ginn. Dat kéint heeschen, datt den Indexmechanismus nees voll a ganz spillt, also onmoduléiert.

Duerno goung Rieds vun der Zukunft vun der Finanzplaz. Verschidden Nische waren net méi ze halen, well den Drock vu baussen ze héich war, sou de Xavier Bettel. 11 nei Banke wieren an de leschten 9 Méint op Lëtzebuerg komm. D'Bankeplaz soll méi international an attraktiv gemaach ginn. D'Lëtzebuerger Fongenindustrie ass Gréisst an der EU an no den USA déi 2. an der Welt. Eist Zil ass eng irreprochabel Finanzplaz. Am Finanzministère gëtt och eng Direktioun geschaf, déi sech ëm d’Compliance an d’Gouvernance këmmert.

Logistiksecteur: Um fréiere WSA-Site gëtt intensiv geschafft an de Projet vun der CFL fir den Ausbau vum Containerterminal zu Beetebuerg gëtt energesch virugedriwwen a prioritär finanzéiert.

Lëtzebuerg wëll sech positionéieren a soll en nationale Centre de Recherche an Europa ginn an et wëll een Hybrid-Bussen ënner reelle Konditiounen hei am Land testen.

De Premier lueft d'Kulturzeen, seet awer och, datt si sech de budgetäre Realitéiten upasse muss. Gläichzäiteg muss d’Organisatioun vun der Kulturpolitik de Realitéiten ugepasst ginn an dozou gehéieren déi budgetär Realitéiten. Allgemeng feelt et un engem Konzept vun der Kulturentwécklung.

D'"1-Euro-Gesellschaft” gëtt agefouert. D’Grënne vun engem Betrib gëtt méi einfach gemaach a méi bëlleg.

Wat d'Studentebäihëllefen ugeet, huet de
Xavier Bettel erkläert a sech géint d'Kritik gewiert. Et wier bei de Reform vun 2010 e Feeler geschitt, doduerch wieren d'Ausgaben enorm geklommen. Dat hätt ee misse korrigéieren. Aus 55 Milliounen Euro wieren der 88 ginn an dëst Joer wieren et 178 Milliounen Euro gewiescht. Dofir hätt ee misse reagéieren: Et ass e Feeler geschitt an den zoustännege Minister Claude Meisch huet missen eppes ënnerhuelen. Dat kritt een net anescht erkläert an och net schéi geriet.

Duerno war et um Sujet vum Chômage.  Am Januar 2006 ware ronn 10.000 Leit bei der ADEM ageschriwwen, haut wieren et der duebel esou vill. Am Juni géing de Projet vun der Jugendgarantie ulafen. Bannent 4 Méint kréie si entweder eng Aarbecht, eng Léierplaz, oder eng Méiglechkeet nees an d’Schoul ze goen.

D'Lëtzebuerger Sprooch an de Schoule muss gefërdert ginn. D’Crèchen, de Précoce an de Cycle 1, also déi sougenannte Spillschoul, si gefuerdert a kréien déi néideg Dispositifen. Doriwwerraus gëtt een Inventaire vun de Besoinen a vun den aktuellen Offeren gemaach. Schüler, déi just eng kuerz Zäit an eisem Land scolariséiert sinn, wieren en Defi.

Wat de Wäertunterrecht ugeet: D’Regierung setzt keen Enseignant op d’Strooss an d’Regierung hëlt kengem e Choix ewech. Jiddereen huet d’Recht op seng Relioun, a wann déi jeeweileg Gemeinschaft dat offréiert och op Reliounsunterrecht. D’Elteren an d’Kanner behalen d’Méiglechkeet e Reliounscours ze besichen an d’Gemeinschafte behalen d’Méiglechkeet esou Coursen ze
organiséieren. Dat geschitt ausserhalb vum regulären Unterrecht an der ëffentlecher Schoul.

Eng Rei Servicer vun der Adem ginn op Hamm transferéiert, fir den akute Plazmangel am Gebai op der Gare ze entschäerfen.

En 1. globalen nationale Kriibsplang gëtt agefouert. Dëse 5 Jores- Plang, dee mat all den Akteure bis de Summer ausgeschafft gëtt, soll all néideg an efficace Moossnamen am Beräich vun der Präventioun, der Diagnostik, dem Traitement, der Fuerschung an der Informatioun vun de Patienten zesummefaassen.

Et gëtt och een een nationale Plang fir Suizidpräventioun opgestallt. Bei eis zu Lëtzebuerg geet ee vu ronn 80 Suicidë pro Joer aus. D’Zuel vun den Tentative läit bei 1.600.

D'Kranken- a Fleegeversécherung gëtt moderniséiert. De Leeschtungskatalog soll kritesch analyséiert ginn. Mënsche mat engem Handicap si keng Mënschen “zweeter Klass" Den Ament iwwerschaffe mer d’Legislatioun iwwert d’Accessibilitéit vum ëffentleche Raum, sou de Xavier Bettel.

De Sujet Logement wier awer einfach en "Dauerbrenner": De Logement ass e Sujet, deen all Joer op dëser Plaz nei thematiséiert gëtt. Et goufen vill Initiativen geholl, mä de Problem vun ze wéineg Wunnraum an ze héije Präisser bleift bestoen. 

Famill, Logement, sozial Sécherheet
Vill Annoncen, wéineg Detailer

D'Regierung huet de Plan sectoriel logement iwwerschafft. Wier dat net gemaach ginn, wieren de Pläng vun der aler Regierung no 1.000 Hektar Bauland verluer gaang, sou de Premier. Déi Terrainen wieren nämlech als Zone verte oder zone d'aménagement différée klasséiert ginn. Interieur, Nohaltegkeetsminister a Logement hunn dat awer lo a gemeinsamen Efforten verhënnert, sot de Xavier Bettel. Den „Aménagement communal“ gëtt reorganiséiert. Donieft si sougenannt Baulandverträg geplangt. Dat si Kontrakter tëscht Gemengen a Proprietairen fir Terrainen, déi am PAG nei klasséiert ginn. Wann op deenen Terrainen net an enger gewëssener Zäit gebaut gëtt, komme Sanktiounen.

D'Landesplanung misst méi effizient ginn an dofir bräicht een esou séier wéi méiglech déi 4 primär sektoriell Pläng: D’Regierung wäert sech e Freideg an e Samschdeg intensiv mat der Finalisatioun an der Koordinatioun befaassen, ier d’Plans sectoriels dann an de nächste Wochen presentéiert ginn.

An de nächste Jore gëtt massiv an d’Mobilitéit investéiert. Lëtzebuerg ass am Top 5 vun den EU-Länner, wou d’Leit déi meeschten Zäit an de Staue verbréngen. D'Eisebunn brauch méi Capacitéit: D'Beetebuerger Streck gëtt verduebelt, et gëtt e 5. Quai an der Stad gebaut. Weider Gesetzer kommen an den nächste Méint no: Zum Beispill den Aus- an Ëmbau vun der Ettelbrécker Gare. Wat den Tram ugeet, ass déi ganz Linn Findel-Cloche d’Or 2020/2021 operationell. Op den Arrêt Rout Bréck gëtt ee Funiculaire tëscht dem Kirchbierg an dem Pafendall gebaut. Da kommen nei Park&Riden op de Findel, d'Cloche d'Or, d'Luxexpo a Rodange. Am Detail sinn dat 4.000 Plazen um Héihenhaff beim Findel, 1.500 Plazen op der Cloche d’Or, 500 Plaze bei der Luxexpo an 1.500 Plazen direkt un der Gare Rodange. De Busreseau gëtt mat 14 Milliounen Euro verstäerkt.

Mobilitéit an Transport
Et goung ë.a. ëm nei Park & Riden, den Ausbau vum Zuchréseau, den geplangtenen Zäitplang vum Tram-Projet an den zousätzleche Finanzement beim Busréseau.

Jiddereen kritt d'Recht sech ze bestueden, och déi gläichgeschlechtlech Kanner, déi zur Adoptioun fräi sinn, kréien dann och d’Recht vun all de Koppelen adoptéiert ze ginn.

D’Regierung ass och décidéiert eis Legislatioun iwwert den Divorce séier ze reforméieren. Eng Koppel kann da gescheet gi wa se sech eens ass also am „Consentement mutuel“ oder awer wann et net méi geet, also den „Zerrüttungsprinzip“.

Den Avortement soll aus dem Code pénal gestrach ginn. D'Fra muss kloer Rechter hunn a keng net- novollzéibar Obligatiounen.

Am Beräich vum Strofvollzuch gëtt d'Maison d’arrêt zu Suessem Ufanks 2018 a Betrib geholl. Virun 10 Méint gouf de Projet de loi deposéiert.

Wéi annoncéiert kënnt e ganz neit Gesetz fir de Geheimdéngscht. Eng total nei gesetzlech Grondlag, déi de Recommandatioune vun der Enquêtekommissioun Rechnung dréit. Well: Mir brauchen e komplett neit Gesetz fir de Fonctionnement, de Contrôle, d’Rechter an d'Flichte vum Service de Renseignement nei ze definéieren.

D'Changementer beim Casier judiciaire ginn zum Deels nees réckgängeg gemaach. Do hätt een iwwert d'Zil erausgeschoss.

Fir d'Police fuerdert de Xavier
Bettel Respekt a versprécht Reform. Et stinn hei nach weider Berodunge mat de Syndikater un an et gëtt en externen Audit gemaach. Duerno ginn och dës Reformen op de legislative Wee bruecht.

D'Protection civile a Pomjeeswiesen ginn zesummegeluecht. D‘Regierung wäert a kuerzer Zäit een Organisatiounskonzept op den Deësch leeën. Donieft wäert an Zukunft d’Grondausbildung an d’Formation continue vun de Rettungskräften eng ganz besonnesch Prioritéit genéissen.

Den Nationale Stadion ass absolut Necessitéit, sou de Premier. Bis Enn 2014 gëtt an Zesummenaarbecht mat der Stater Gemeng een detailléierten Avant-projet vum neie Stadion presentéiert an och fir Liichtathletik ginn adequat Installatioune realiséiert.

D'Regierung steet zu hiren Engagementer, wat d'Arméi ugeet, also och zum Militärfliger. Ma d'Defense misst déi Ausgab vun 200 Milliounen Euro ouni TVA kompenséieren.

Um Enn vu senger éischter Ried zu der Lag vun der Natioun huet de Premier Xavier Bettel vun engem klenge Land, mat enger grousser Zukunft geschwat.

Lëtzebuerg ass e klengt Land mat enger grousser Zukunft. Ech sinn iwwerzeegt, datt déi Zukunft gutt ausgesäit, loosst eis zesummen dofir schaffen. Elo.

Ufank vun enger neier Politik
Fir de Premier Bettel huet d'Regierung eng éischt Consolidéierung vum Budget erreecht. De Spuereffort géif weidergoen an eng komplett nei Zort Budget gebaut.

1. Riedner an den Debatten zu dëser Ried ass dann um Donneschdeg de Moien um 9 Auer de Virgänger Jean-Claude Juncker. Dir kënnt dës Interventiounen en Donneschdeg och op rtl.lu an iwwer d'Appen am Livestream suivéieren.

1. Reaktiounen no der Ried

D'Ried zur Lag vun der Natioun huet zu engem groussen Deel d'Regierungsdeclaratioun paraphraséiert, ouni déi erwaarten Präzisiounen ze ginn, dat war dem laangjährege Premier Jean-Claude Juncker seng éischt Reaktioun op sengem Successeur seng Aussoen. Virun allem déi budgetspolitesch Gestaltung fir 2015 hätt gefeelt. Et gëtt a punkto Referendum oder Familljenzoulagen näischt Konkretes.

AUDIO: De Jean-Claude Juncker no der Sëtzung

Just do, wou Blo-Rout-Gréng Projete vun der Virgängerregierung iwwerholl huet, hätt et Präzisioune ginn, sou de Jean-Claude Juncker.

De Gast Giberyen huet vun enger Märchestonn iwwer grouss Deeler vun der Ried geschwat. Den adr-Deputéierten bleift bei senger Ausso; d'Kaz gëtt réischt no den Europawahlen aus dem Sak gelooss. Konkretes gouf et näischt vum Staatsminister. Iwwer déi genee Aféierung vun der sozialer Selektivitéit, déi vill an der Ried virkoum, gouf een och am Däischtere gelooss.

AUDIO: Reaktioun adr: De Gast Gibéryen

Et war eng laang Ried an de Premier huet probéiert, fir op ganz villes anzegoen, sou de Serge Urbany vun déi Lénk, fir dee wichteg Froen awer opstoe bloufen. Och beim Index oder der Pensiounsreform, misst een nach ofwaarden, wat kënnt, sou den Deputéierten vun déi Lénk.

AUDIO: Reaktioun Déi Lénk: De Serge Urbany
Reaktioun vun der Oppositioun
Jean-Claude Juncker, Gast Gibéryen a Serge Urbany

Eis feelt et hei u ville konkreten Aussoen an och mat  Zuelen ass de Premier spuersam ëmgaangen.“, sou de Sven Clement, President vun der Piratepartei. „Op deene Plazen, wou en da méi konkret ginn ass, war eng kloer Kontinuitéit vun der viregter Regierung ënnert der CSV ze erkennen. Schëlleg bleift de Premier eis dann och nach, wéi mer d‘Ewechfale vum eCommerce-Secteur kompenséiere wëllen, wa mer dovunner ausginn, datt eng Erhéijung vum TVA-Taux grad emol d’Käschte vum ëmstriddenen Tram-Projet ausgläicht.“

D'Fraktiounscheffe vun de Regierungsparteien hunn no der Ried vum Staatsminister Xavier Bettel nawell ganz zefridden ausgesinn - wat jo och net wierklech eng Iwwerraschung ass. De liberalen Eugène Berger ass der Meenung, datt d'Regierung elo hire Rythmus fonnt huet an op de Gas dréckt, am Logement oder mam TGVs-Gesetz.

AUDIO: Reaktioun DP: Den Eugène Berger

De sozialistesche Fraktiounspresident Alex Bodry huet dës Stéchwierder aus dem Premier senger Ried zeréckbehal: Loscht op Erfolleg, Vermëttlung vun Hoffnung an Eierlechkeet mat de Leit. Beschäftegung a Logement si kloer d'Prioritéite vun der Regierung.

AUDIO: Reaktioun LSAP: Den Alex Bodry

Der Fraktiounspresidentin vun déi Gréng, dem Viviane Loschetter, ass opgefall, datt et eng ganz einfach, awer ganz éierlech Ried war a wéinst der Éierlechkeet wier de Xavier Bettel och net dolaanscht komm ze soen, datt d'Lag vun der Natioun net optimal ass. Et wier eng schwiereg Ierfschaft, déi ee kritt hätt.

AUDIO: Reaktioun Déi Gréng: D'Viviane Loschetter
Reaktioun vun de Majoritéitsparteien
DP, LSAP an déi Gréng reagéieren op d'Ried zur Lach vun der Natioun.

D'Indexmodulatioun soll also fale gelooss ginn, ma et bleiwen fir d'Gewerkschaften nach e puer Froen op, déi am Kader vum Dialog ze kläre wieren. Den OGBL-President Jean-Claude Reding huet sech am Gespréich mam Guy Kaiser allemol net onzefridde gewisen. D'Kafkraaft vun de Leit wier an der Ried virkomm. Wat genee ee globalen Accord ass, wéisst den OGBL-President awer och gär.

AUDIO: Reaktioun OGBL: De Jean-Claude Reding
Reaktioun CGFP an OGBL
Eicht Reaktiounen da vun de Gewerkschaften déi mat desem Etat de La Nation nemmen zum Deel Satisfactioun kruten.

En eventuellt Ewechfale vun der Indexmodulatioun steet also no dësem Etat de la Nation am Raum, an dat interesséiert natierlech d'Gewerkschaften. Grad ewéi den OGBL vermësst awer och den LCGB fir dëse Volet d'Präzisioun an der Ried vum Premier, am Gespréich mam Guy Kaiser war de Patrick Dury sech jiddefalls net ganz sécher, ob en d'Index-Aussoë richteg géing interpretéieren.

AUDIO: Reaktioun LCGB: De Patrick Dury


Wat d’TVA um Logement betrëfft, huet d’Regierung jo e Changement decidéiert: den Taux vun 3 Prozent bezitt sech nach just op den Haaptwunnsëtz, also net méi op eng Zweetwunnescht.
D’Handwierk an d’Entrepreneuren waren um Mëttwoch net fir eng Reaktioun ze kréien. Et héiert een awer, datt si alles aneschters ewéi begeeschtert sinn; et gëtt mat engem Rush gerechent op fräie Wunnraum; domatter géif d’Demande nach méi grouss ginn ewéi d’Offer, an also géingen d’Haiser an Appartementer am Präis wieder klammen. Donieft gëtt grad am Secteur vum Handwierk mat zousätzlecher Schwaarzaarbecht gerechent.

De Mouvement Ecologique begréisst, datt de Premier Xavier Bettel a senger Ried zur Lag vun der Natioun eng ganz Rei Themen aus dem Beräich vun der nohalteger Entwécklung opgegraff huet. Am Gespréich mat RTL freet sech d'Presidentin Blanche Weber, datt de Premier eng Lanz fir den Ausbau vum ëffentlechen Transport gebrach huet a kloer hannert dem Projet Tram steet.  De Premier hätt zouginn, datt mer zu Lëtzebuerg Problemer mam Waasserschutz hätten an nach vill a puncto Naturschutz maache kéinten, sou d'Blanche Weber. Och datt vum Paradigmewiessel tëscht Staat a Bierger geschwat gouf, hätt een positiv beim Mouvement Ecologique positiv opgeholl. Bei der Ukënnegung, datt déi nei Regierung eng 1.000 Hektar rëm als Bauland klasséiere wéilt, gesäit d'Blanche Weber net direkt een Hoer an der Zopp.   Et géing vun den Detailer ofhänken, déi de Mouvement Ecologique de Moment nach net hätt.

AUDIO: Reaktioun Mouveco: D'Blanche Weber

[widget type="liveticker" ticker="cat_live_02042014"]