An: Ofdreiwung mat Fristeléisung an ouni 2. Consultatioun.

Am Briefing fir d'Press nom Ministerrot, an deem net manner wéi 5 Ministeren zu Wuert kommen, gouf ë.a. ugekënnegt, dass an d'Gesetz iwwert d'Ofdreiwung eng eendeiteg Fristeregelung stoe kënnt an déi ëmstridden zweet Consultatioun ewechfält.

Da gouf decidéiert, dass an d'Gare "Rout Bréck" mat engem Funiculaire tëscht dem Pafendall an dem Kierchbierg 98 Milliounen investéiert ginn; 2017 soll deen operationell sinn.

De But ass et, d'Pendler aus dem Süde respektiv aus dem Norden op de Kierchbierg ze bréngen. 6 Zich d'Stonn sollen aus béid Richtungen op der neier Gare „Pont Rouge“ ukommen. Zwee Funiculairë fueren onofhängeg vuneneen erop an erof mat all Kéiers zwou Kabinnen, wou ëmmer maximal 168 Leit dra passen. Pro Stonn kënne bis zu 7'200 Leit transportéiert ginn.

Donieft gouf dat neit Geheimdéngschtgesetz virgestallt, dat sech duerch eng besser intern an extern Kontroll charakteriséiere géif.

Regierung: "produktiv geschafft"
Vum Avortement, iwwert den Arrêt vun der rouder Roud Bréck, de Chômage am Alter, den Image vun der Finanzplaz bis hin zu der Reform vum Geheimdéngscht.