Et ass de Schüler a Studenten hiert gutt Recht fir op hir Meenung opmierksam ze maachen, betount den Educatiounsminister Claude Meisch am RTL-Interview.

Hien ass allerdéngs e bëssen iwwerrascht iwwert déi -wéi hie seet- spéit an onerwaart hefteg Reaktioun; mat där hien awer liewe kéint.

Et ass net esou datt et bis elo nach keen Dialog gouf. De Claude Meisch seet, datt mat de Studentenorganisatiounen a mat de Gewerkschaften iwwert d'Reform geschwat gouf. Fir weider Gespréicher wier hien awer selbstverständlech prett. Et géif elo den Avis vum Staatsrot ofgewaart ginn.

Den Educatiounsminister seet, datt et der Regierung wichteg war ze garantéieren, datt an Zukunft nach jidderee kinnt studéiere goen an dat wier senger Meenung no och de Fall.

D'Regierung misst awer kucken, mat deene Suen eens ze ginn, déi elo do sinn. Datt d'Studenten d'Gefill hunn, datt si déi Eenzeg wieren, déi missten en Effort maachen, dat wäert net méi laang esou bleiwen, annoncéiert de Claude Meisch.

Streik

De 25. Abrëll streiken d'Schüler an d'Studenten. Dat huet d’UNEL e Sonndeg den Owend stellvertriedend fir eng Rëtsch Organisatiounen an engem Schreiwes matgedeelt. D'ACEL ass net bei deem Streik dobäi.

Si all wiere sech géint déi, Zitat, „geplangte Kierzunge vun de Studiebäihëllefen“.

Deen Dag maache sech moies um 10.00 Auer vum Glacis, vun der Stater Gare a vum Geesseknäppchen aus 3 Cortègen op de Wee.

Eng ganz Rëtsch Organisatiounen hu sech zesummegedoen, dorënner d'UNEL, d'LUS awer och politesch Jugendorganisatiounen, a wëllen dem Educatiounsminister Claude Meisch weisen, datt et esou net geet.

D’Organisatioune sinn der Meenung, dass den Educatiounsminister Claude Meisch an dësem Dossier "Nohëllef" brauch.

Keng Unanimitéit

D'JDL stäipt de Regierungsvertrieder vun hirer Mammepartei iwwerdeems de Réck. D'Jongdemokraten fuerderen d'Dialog amplaz e Streik. Et sollt e staatleche Fong geschaf ginn fir geziilt  déi Studenten z'ënnerstëtzen déi net vun hiren Eltere gehollef kréien. D'Iddi vun enger gestaffelter Bourse fënnt d'JDL wéinst der aktueller Situatioun bei de Staatsfinanzen déi richteg.

AUDIO: Streik: D'Dany Rasqué huet mat den Associatioune geschwat.

D'Studentenorganisatioun ACEL mécht net mat beim Streik vun de Schüler a Studenten e Freiden an enger Woch

D'Associatioun ass der Meenung, datt e Streik net dee richtege Wee ass. Si setzt op den Dialog an huet sech Gedanke gemeet, wéi een d'Studiebäihëllefen anescht kinnt reforméieren.

D'ACEL géif zum Beispill de Montant vun der Bourse de base op de Montant vum Kannergeld upassen a si schléit vir, datt e Student, deen d'Sozialbourse net kritt, deen Deel als Prêt kann huelen, esou datt dono all Student dee selwechte Montant zur Verfügung huet.

Da wéilt d'ACEL awer och sécher stellen, datt all Student, deen hei am Land wunnt, och eng Studentewunneng ka kréien, wann en eng brauch. Wat dat méi géif kaschten huet d'Associatioun awer nach net ausgerechent.

D'Acel hofft, datt se lo mam Minister Claude Meisch iwwert dës Propose ka schwätzen, si huet sech op alle Fall schonn dowéinst bei him gemellt.