"Identitéit" - dat war e Schlësselwuert um Dënschdeg de Mëtteg, dat och de Premier Xavier Bettel am Cercle-Cité opgegraff huet.

AUDIO: De Reportage vum Nadine Gautier (30/04/2014 - 7h30)

"Mir kënnen op dat, wat Lëtzebuerg an de leschten 175 Joer geschaf huet, stolz sinn", esou d'Lydie Polfer um Dënschdeg de Mëtteg während der Séance académique, an där d'175 Joer Onofhängegkeet vu Lëtzebuerg celebréiert goufen. D'Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg huet dann och ënnerstrach, datt Lëtzebuerg sech opgrond vu senger Onofhängegkeet weiderentwéckele konnt.

175 Joer Onofhängegkeet vu Lëtzebuerg
1839 gouf Lëtzebuerg duerch de Londoner Traité onofhängeg. Dësen Gebuertsdag gouf am Cercle Cité gefeiert, wou och op d'Geschicht vum Grand-Duché agaang gouf.

Identitéit - dat war e Schlësselwuert, dat och de Premier Xavier Bettel opgegraff huet.

AUDIO: De Xavier Bettel

Lëtzebuerg huet sech während de Generatiounen ugepasst an och ëmmer nees nei erfonnt - een Atout, esou de Xavier Bettel, deen eis vun den Noperen ofgrenze géif. Dobäi kéim d'Méisproochegkeet vun de Lëtzebuerger an d'Diversitéit vun den Nationalitéiten hei am Land.

Ronn 330 Invitéen haten un der Séance académique deelgeholl, dorënner och déi groussherzoglech Koppel an den Ierfgroussherzog mat senger Fra Stéphanie.

Riedner waren nieft der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer an dem Premier Xavier Bettel och de Chamberpresident Mars di Bartolomeo, den Historiker Michel Pauly an de Grand-Duc Henri.

AUDIO: D'Lydie Polfer