Den 112 hat bis um 17.30 Auer 10 Blesséierter gemellt. Schro war e Motorradsaccident um Sonndeg am Nomëtteg zu Diddeleng.

An der Kälerstrooss krut en Auto e Moto ze paken, wouduerch de Motocyclist an d'Fënster vum Auto geschleidert a schwéier blesséiert gouf.

© CI-Diddeleng

Zeie vum Accident hunn direkt éischt Hëllef geleescht. Duerno hu sech d'Leit aus dem Asazzenter vun Diddeleng an den Dokter vun Esch ëm d'Affer gekëmmert.

Béid Chauffere koume mat der Ambulanz an d'Spidol op Esch.

D'Police muss lo nach déi genee Ëmstänn vum Accident klären.

© CI-Diddeleng

Op der Stréck vun Elleng op Réimech, op der Héicht vum Scheierbierg krute sech am spéide Sonndegmoien zwee Autoen ze paken. Ee vun de Chauffeuren hat gebremst well hie wollt d'Kéier maachen, de Won hannendru hat dat awer ze spéit realiséiert a war deem éischten hannendrop geknuppt.

Déi zwee Bäifuerer koume fir eng Kontroll an d'Klinik.

Géint 14h30 waren och zwee Autoen um Waldhaff an der Montée fir op d'Autobunn an e nee geknuppt, Fazit, ee Liichtblesséierten. Zwee mol goufe Motarde blesséiert, déi mat hire Maschinne gefall waren: eng Kéier tëscht Kautebaach a Wolz an déi aner zu Nidderkuer.

3 Liichtblesséierte war et bei engem Accident tëscht zwee Gefierer géint 16h30 um Schlammestee bliwwen.

Um 18h15 koum d'Meldung vun der Police, dass zu Biwesch e klenge Bouf ugestouss gouf, wéi hie mat sengem Vëlo hannert engem Haus ervir op d'Strooss gefuer ass. Den Auto war lues ënnerwee, sou dass net weider vill geschitt ass. De Bouf war vum Vëlo gefall an hat e puer Schréipsen. Präventiv gouf en awer mat der Ambulanz an d'Spidol gefouert.

Um Sonndeg den Owend géint 19.30 Auer krute sech dann um Rond-Point Helleng nach zwee Autoen ze paken. Hei goufen nach emol 3 Persoune blesséiert.

Alles an Allem hat den 112 bis e Sonndeg den Owend 17.30 Auer also schonn 10 Blesséierter op onse Stroosse matgedeelt. Duerno koumen der nach 4 derbäi.