E Sonndeg géint 12h30 waren d'Diddelenger Pompjeeë geruff ginn, well e Fuuss sech an engem Drot verfaangen hat.

Et war net sou einfach de Fuuss do eraus ze kréien, dofir hunn d'Pompjeeën de Groupe d'Interventioun Vétérinaire zur Hëllef geruff.

Nodeems de Fuuss befreit konnt ginn, koum e fir eng Kontroll an d'Fleegestatioun op Diddeleng. Do huet sech erausgestallt, dass d'Déier sech net blesséiert huet, an et konnt nees an d'Fräiheet entlooss ginn.

© CI-Diddeleng