Groussherzoglech Koppel op Staatsvisite a Polen
Eng grouss Wirtschaftsdelegatioun huet de Grand-Duc Henri an d'Grand-Duchesse Maria Teresa a Polen begleet.
Op Invitatioun vum polnesche President Bronislaw Komorowski waren de Grand-Duc Henri an d'Grande-Duchesse Maria Teresa 3 Deeg laang op Visite a Polen - vum Mëttwoch, 7. bis de Freideg, 9. Mee.
Déi lescht Etapp war Krakau, nodeems den Dag en Donneschdeg ganz am Zeeche vun de bilateralen economesche Relatiounen tëscht Polen a Lëtzebuerg stoung.
Am Kader vun engem grousse Business-Forum hate sech zu Warschau eng 400 Geschäftsleit aus béide Länner begéint, fir Kontakter mateneen ze knäppen. Am Mëttelpunkt stoungen d'Aktivitéiten am Logistik-Domaine, den Ëmwelt- a Weltraumtechnologien.
Eng vun den Iddien ass et och, iwwert eng Fluchlinn tëscht dem Findel a Polen nozedenken, ouni datt et duerfir awer scho konkret Pläng oder Propositiounen géife ginn.
Begleet gouf d'Groussherzoglech Koppel vun direkt dräi Ministeren, dem Vize-Premier a Wirtschaftsminister Etienne Schneider, dem Ausseminister Jean Asselborn an dem Finanzminister Pierre Gramegna. Mat dobäi war och eng grouss Wirtschaftsdelegatioun, zesummegesat aus iwwer 50 Sociétéite vu Lëtzebuerg.
Et ass eng Visite vun enger grousser Envergure, an dat kënnt net vun ongeféier. Polen ass nämlech dat Gréisst vun den neie Memberstaaten an der Europäescher Unioun an dat sechstgréisste vun all den EU-Staaten. 2004 ass Polen der EU bäigetrueden. Et ass ee Land, dat am Laf vun de leschter Zäit ganz vill geännert huet, seet de Lëtzebuerger Ambassadeur zu Warschau, Georges Faber. Polen ass haut eng vun den dynameschsten Economien an Europa. An et ass och dat eenzegt Land, dat net an der Kris wor, betount nach de Georges Faber. Polen ass e grousse Consommateur. Aktuell chiffréiert sech d'Populatioun op 38,5 Millioune Leit.Sou kënnt et dann och net vun ongeféier, dass d'Groussherzoglech Koppel vun enger grousser Wirtschaftsdelegatioun begleet gëtt. Lëtzebuerg ass och ee vun de gréissten Investisseuren a Polen. D'Land ass domatter de 7. Handelspartner vu Lëtzebuerg an Europa. Dem Ambassadeur Georges Faber no ass awer nach ganz vill Potential do. An dem Sënn war um Donneschdeg zu Warschau de grousse Wirtschafts- a Finanzforum.
Zil vun der Visite war et, dass sech Polen a Lëtzebuerg nach méi no kommen. Ronn 5.000 Polen liewen aktuell hei zu Lëtzebuerg, awer nëmmen eng Handvoll Lëtzebuerger a Polen.
(Fotoen: Nicolas Bouvy/SIP)