Front géint transatlantesche Fräihandelsaccord TTIP

© Philippe Schockweiler - Greenpeace Luxembourg
Europäesch Standarden, fir déi jorelaang gekämpft gouf, géifen a Fro gestallt ginn, ouni datt doriwwer diskutéiert géif.
13 Associatiounen, dorënner Gewerkschaften, de Konsumenteschutz, Ëmweltorganisatiounen, sozial Associatiounen an d'Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer hu sech zesummegedoe fir "Neen" zum geplangtenen transatlantesche Fräihandelsaccord tëscht der EU an den USA ze soen, dem TTIP, dem Transatlantic Trade and Investment Partnership.
Mam Fräihandelsaccord ginn, hirer Meenung no, europäesch Standarden an Domainer wéi dem Klimaschutz, der Landwirtschaft, am soziale Beräich oder dem Konsumenteschutz, fir déi joerelaang gekämpft gouf einfach sou a Fro gestallt, kritiséiert d'Blanche Weber vum Mouvement écologique, ouni datt iwwerhaapt driwwer diskutéiert gëtt.
Fundamental Diskussiounen ginn vun enger dubioser Verhandlungsdelegatioun hannert zouenen Dieren gefouert, déi zu 90% vu Wirtschaftslobbyisten gesteiert gëtt, sou eng weider Kritik. Datt den Accord an enger zweeter Phas nogebessert géif, halen d'Associatiounen fir naiv. Duerfir misst e lo direkt gestoppt ginn.
Et wier e regelrecht Geheimdokument, dat d'Europaparlament an déi national Parlamenter just nach refuséieren oder duerchwénke kënnen, ouni Afloss drop ze huelen.

© Philippe Schockweiler - Greenpeace Luxembourg
D'Kritiker fäerten ënnert anerem, datt d'Amerikaner d'Gen-Technik a Produkter aus risege landwirtschaftleche Betriber op den europäesche Marché bréngen. An den USA géif fir d'éischt probéiert an dann nogebessert, do wou an der EU de Precautiounsprinzip gëllt.
Déi 13 Associatiounen sti mat hire Suergen a Kritike bäi Wäitem net eleng do. Méi wéi 60 Organisatiounen haten e Méindeg zu enger grousser Protestaktioun zu Berlin opgeruff. Si hunn eegenen Aussoen no méi wéi 600.000 Ënnerschrëfte géint de Fräihandelsaccord gesammelt.
Reaktioune Spëtzekandidaten
RTL huet bei verschiddene Parteien nogefrot. An eent kann ee soen, d'Meenungen iwwert de Fräihandelsaccord gi bei de Spëtzekandidaten auserneen.
Mä eng Majoritéit ass awer dergéint fir d'Verhandlungen ze kippen.
Am mannste kritesch ass wuel déi fréier Kommissärin Viviane Reding. D'CSV-Spëtzekandidatin hält den aktuellen Protest vun de Leit fir net gerechtfäerdegt, sou laang d'Verhandlungen amgaang sinn.
Mir sollen a musse verhandelen, seet och d'Spëtzekandidatin vun der LSAP, Mady Delvaux. Ëmmerhin kéint en Handelsofkommes och positiv Repercussiounen hunn.
De Charel Goerens vun der DP mécht sech zwar eegenen Aussoen no Suergen, fënnt et awer och ze fréi fir den Accord elo schonn ze stoppen. D'Regierungen wieren op alle Fall och gutt informéiert iwwert d'Verhandlungen, sou den DP-Europadeputéierten. D'Vertrieder géifen all Woch e puer mol zu Bréissel gebrieft.
Ganz aner Klack beim Claude Turmes. Den Accord bréngt dem gréngen Europadeputéierten no net vill, huet awer grouss Risiken.
Un den André Hoffmann vun déi Lénk si mer leider net komm. Déi Lénk leien all Zäit awer op der Linn mat de Kritiker a fuerderen, datt d'Verhandlunge gestoppt ginn.