Dem Fraktiounschef no ass et besser mat de politesch Responsabelen ze schwätzen. Am Dialog géif een dacks zu méi kommen, wéi wann een op d’Strooss geet.

D’DP-Fraktioun hat dëser Deeg nämlech eng Entrevue iwwert d’Studiebäihëllefe mat der ACEL. D’Vertrieder vun de Studentencercelen hu sech fir méi eng héich Basisprime ausgeschwat, iwwerschaffte Sozialcritèren a méi Studentewunnengen zu Lëtzebuerg.

Eng Entrevue tëscht der UNEL an dem Educatiounsminister gouf et nach ëmmer net, nodeems de Claude Meisch net wollt, dass esou ee Gespréich opgeholl gëtt.