Um Sonndeg stëmmen nämlech just d'Awunner aus der Gemeng Simmer via Referendum iwwert déi geplangte Fusioun of.

A fënnef Gemengen hei am Land geet et um Sonndeg net nëmmen ëm Europa. Zu Wolz, Eeschwëller, Béiwen un der Attert, Téinten a Simmer stëmmen d'Bierger nämlech net nëmmen iwwert déi zukünfteg Europadeputéiert, mä och iwwert hir respektiv Fusiounspläng of. Op déi geplangte Fusiounen tëscht Wolz an Eeschwëller, souwéi Béiwen un der Attert an Téinten, si mer schonn agaangen, elo beliichte mer de Projet tëscht de Gemenge Simmer an Habscht. An do ass d'Situatioun bësse méi speziell.

Um Sonndeg stëmmen nämlech just d'Awunner aus der Gemeng Simmer via Referendum iwwert déi geplangte Fusioun of. D'Gemeng Habscht wëll ofwaarden, wéi de Vote ausgeet an da méi spéit seng Bierger bei d'Urne ruffen. Firwat dat sou ass a wat sech déi zwee Gemengepäpp vun där geplangter Fusioun erwaarden, huet d'Corinne Folscheid beim Serge Hoffmann an dem Marco Boly nogefrot.  

Déi zwee Buergermeeschter hoffen, dass de Vote e Sonndeg an der Gemeng Simmer positiv ausgeet. Anescht wéi am Oktober 2010, wéi sech d'Gemeng Käerch mat 56% géint eng Fusioun mat Simmer ausgeschwat hat. Doropshi goufen nei Pläng mat Habscht ausgeschafft. De Buergermeeschter vu Simmer Marco Boly hofft, dass d'Bierger des Initiative ënnerstëtzen. Et hätt een et op 3 verschiddenen Informatiounsversammlungen erkläert. Do hätten d'Bierger dat positiv opgeholl.

Wann de Vote positiv ausgeet wëll d'Gemeng Habscht am Hierscht seng Bierger ëm hir Meenung froen. Déi 11 Conseilleren aus dem Habschter Gemengerot hunn de Fusiounsprojet eestëmmeg guttgeheescht a gesi vill Potential an dëser Fusioun, betount de Buergermeeschter Serge Hoffmann. D'Gemeng Habscht wier eng kleng an d'Gemeng Simmer eng ganz kleng Gemeng - wann ee géing zesummeschaffen, hätt ee méi Gewiicht a méi Zukunftsperspektiven.

De Serge Hoffmann hofft, dass de Vote an der Gemeng Simmer muer positiv ausgeet, am anere Fall hätt een eng Chance verpasst, déi net méi sou séier erëm kënnt. Fir kleng a ganz kleng Gemenge géif et ëmmer méi schwiereg ginn.

Lo kéint een de Projet zesummen nach fräiwëlleg realiséieren a vun engem Subsid vum Staat an Héicht vun 8,5 Milliounen Euro profitéieren.

Trotzdem wollt d'Gemeng Habscht net um selwechten Dag ee Referendum ofhalen, well sech am Simmer Conseil déi 1. Schäffen op eemol géint de Projet ausgeschwat hat an 2 Conseilleren sech enthalen hunn, wat de Marco Boly bedauert. Si hätten sech bis dato leider och net derzou erkläert.

De Marco Boly versteet dowéinst ganz gutt d'Reaktioun vun der Gemeng Habscht, de Referendum réischt méi spéit ofzehalen. Lo wëll de Buergermeeschter vu Simmer awer no vir kucken an erhofft sech e Sonndeg ee positive Vote, fir ee klore Message op Habscht ze schécken.

Wann de Referendum an der Gemeng Habscht dann och positiv sollt ausfalen, kéinten d'Fusiounspläng ganz séier konkretiséiert ginn, sou dass d'Fusioun dann definitiv den 1. Januar 2018 kéint a Kraaft trieden.