59,75 Prozent vun de Wieler hu mat "Jo" gestëmmt, 40,24 Prozent wëllen net mat der Nopeschgemeng Habscht fusionéieren.

E Feu vert fir eng Fusioun gëtt et an der Gemeng Simmer:

426 Stëmme goufen ofginn, 415 ware valabel an dovu waren der 248 derfir an 167 dergéint. A Prozenter ausgedréckt: 59,75% fir Jo a 40,24% fir Nee.

Engem Referendum zu Habscht dierft also näischt am Wee stoen, deen dierft am Hierscht ofgehale ginn.

Den eventuell zukënftege Fusiounspartner hat jo nach gewaart, iert en seng Bierger freet, dat wéinst rezenten Onstëmmegkeete mat vereenzelte Memberen aus dem dem Simmer Schäffen- a Gemengerot; et wollt een op e kloert Zeeche vun de Bierger vu Simmer waarden.

Um 1. Januar 2018 kéint d'Fusioun Realitéit ginn.