Mat der feierlecher Schlussprëssessioun duerch d'Gaasse vun der Uewerstad ass um Sonndeg de Mëtten d'Muttergottes-Oktav 2014 op en Enn gaangen.

D'Thema vun dësem Joer war "Maacht dat, wat Hien iech seet!" An deem Kontext waren dann och zanter dem 10. Mee zéngdausende Gleeweger an d'Kathedral gepilgert.

Den Henri Hamus, Paschtouer vun der Kathedral, geet dovunner aus, datt ronn 60.000 Persounen un der Oktav deel geholl hunn, sief et sur place oder iwwert déi verschidde Live-Streamen an den neie Medien.

AUDIO: Den Henri Hamus

Et wier eng flott Oktav gewiescht, mat enger ganz dichter Atmosphäre, sou den Henri Hamus.

Fir d'Renée Schmit aus dem Pastoral-Amt hätten e puer Neierungen zum Erfolleg vun dëser Editioun bäigedroen.

AUDIO: De Renée Schmit

An dem Kontext wier et virun allem drëms gaangen, eng nei Form vu gemeinsamem Bieden unzebidden, wou d'Leit an d'Kathedral konnte kommen, wéi se wollten. Dat géing dem Liewensgefill vun der heiteger Generatioun entgéint kommen, sou d'Renée Schmit.

No der Schlussprëssessioun huet sech d'groussherzoglech Famill traditionell um Balkon vum Palais gewisen.

VIDEO: Schlussprozessioun
Et war e multikulturellen Happening.

Weider Fotoe geschwënn op RTL.lu (René Scho) an op pressphoto.rtl.lu (Roland Miny).