Eng 60 Leit hu versicht d'Conseilsgebai um Kierchbierg ze stiermen, wou deen Ament grad déi Europäesch Innen- a Justizministeren zesumme souzen.

Dat ass hinnen awer net gelongen, mä si sinn dunn an den Nohaltegkeetsministère era komm. Dobäi gouf et och Materialschued.

AUDIO: De Vic Reuter mat weideren Detailer

D'Police huet d'Manifestanten opgefuerdert, d'Gebai ze verloossen. Deem hu se sech widdersat an hu Pefferspray agesat, sot eis de Porte-Parole vun der Police Vic Reuter, an hu mat Objeten op d'Police geschloen. Déi huet dunn och mat Pefferspray reagéiert.

© Police Grand-Ducale

Géint 11h15 war d'Situatioun nees ënner Kontroll. D'Police war mat 20 bis 30 Mann op der Plaz.

Et gouf och Blesséierter a ronn eng Dose Manifestante goufe mat op de Policebüro geholl.

© Jeff Spielmann

Bei de Manifestanten handelt et sech ëm e Grupp, deen zanter leschte Weekend hei am Land ass a géint d'EU-Immigratiounspolitik demonstréiert. Si bezeechne sech deels als Friddensaktivisten an hunn en Zeltlager hei uewen um Kierchbierg opgeschloen.

Am Laf vun den Evenementer, wéi d'Police se nennt, goufen 13 Leit provisoresch festgeholl an am spéiden Nomëtteg nees op fräie Fouss gesat. Déi aner Manifestanten hunn virum Bureau an der Rue Glesener gewaart. Am Laf vum Asaz goufen op d'mannst 6 Beamten blesséiert. Et goufen och Verwonnter bei de Manifestanten, dorënner eng Persoun, déi vun engem Policehond gepëtzt gouf.

© A. Lamesch

© A. Lamesch

13 Auer: D'Manifestante zéie weider an den Zentrum a provozéieren ee Stau /

E Mëttwoch den Owend haten d'Demonstranten och probéiert an d'Gebai vun RTL eranzekommen, sinn awer ganz friddlech bliwwen an hunn hir Plakater virun der Entrée ausgeluecht. /

© Police Grand-Ducale

Wéi d'Police mellt, sinn d'Rue Adolphe Fischer an d'Rue Glesener op der Stater Gare den Ament gespaart wéinst der Manifestatioun.

De Leit hu géint de Frontex protestéiert, sou den Etienne Schneider um Donneschdeg den Owend. Dat wier awer leider vun hirer Säit aus eskaléiert. De Minister ass frou, datt d'Police d'Situatioun sou séier am Grëff hat.

Den Etienne Schneider ass deene Leit dann och um Mëttwoch begéint. Do wiere se ganz friddlech a fäin gewiescht.

AUDIO: Interview Etienne Schneider zu der Demo

Wee sinn dann elo dës Leit a wat wëllen si?

RTL war nofroen- eigentlech ganz onschëlleg, well zu deem Ablack, wou mir eis Reporterin op Missioun geschéckt hunn, war nach näischt gewosst vu Randaléieren a futti maachen.

Mat Musek, Gesang, a Plakater si Flüchtlingen, Migranten, Asylanten ma och Staatsbierger déi d’Roserei géint d’Europäesch-Immigratiounspolitik deelen, duerch d’Staat gezunn. Onverstanen fille si sech a versichen de Leit hir verschidden Situatiounen ze erklären an däitlech ze maachen datt sech eppes muss änneren. D’Leit wëlle méi Beweegungsfräiheeten fir Asylanten, d’Recht op Bildung an Aarbecht fir jiddereen; et sollt och opgehale ginn, dës Leit muttwëlleg ze verhaften oder iwwer d’Grenz ze féieren; allgemeng also méi Rechter.
Onverständlech ass et munch engem ënnert den Manifestanten datt bannent der EU nach ëmmer keng gerecht Léisungen fonnt ginn sinn. Ma fir déi Betraffenen heescht et : Net opginn.

Um Freideg geet hir Marche Richtung Bréissel weider, wou si zu Stengefort op en Neits iwwer eng Grenz ginn a sech wieder fir hir Rechter asetzen.

VIDEO: Fräiheet a Pefferspray!
Bei enger Manifestatioun ronderëm de Konferenzzentrum sinn e puer Demonstranten mat der Police uneneegeroden.
VIDEO: Flüchtlingen:Dramen a keng Léisung
Entwécklungshëllef ass e méiglechen Wee,fir de Flüchtlingsproblem an den Grëff ze kréien.Mengt den Etienne Schneider.