Nom Vote vun den Conventioune mam Bauhär CODIC am September am Stater Conseil, kann de Chantier, deen 48 Schaffméint wäert daueren, am Hierscht ufänken.

Et gouf kee Recours géint d'Baugenehmegung eragereecht. Dës Nouvelle konnt d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer der Press um Mëttwoch de Muere matdeelen.

Domat kann ee Chantier ufänken deen zolitte Retard krut hat, well de PAP annuléiert gi war a Proprietairen en administrativen Recours eragereecht haten. Elo steet dem Chantier also näischt méi am Wee.

Et geet jo ëm e Projet, deen de Bureau vum britesche Star-Architekt Norman Foster entworf huet, deen ënnert anerem de Reichstag zu Berlin reamenagéiert huet oder och d'Millenium Bridget zu London.

Geplangt si jo 73 Wunnengen, e grousse Roof-Top-Restaurant, grad wéi en „department store“ um Eck Groussgaass-Boulevard Royal, Butteker a 640 Parkplazen.

Pénktlech fir d'Summersaison mécht an der Stad eng nei Schwämm hir Diere fir d'Leit op: d'Piscine zu Märel nieft dem Stadion, déi u sech bis ewell nëmme fir Klassen a Veräiner op war, ass vun dësem Weekend un och fir all aner Schwammbegeeschtert op.

D'Präiser sinn déi selwecht, wéi an den anere Stater Schwämmen, d'Piscine zu Märel huet awer nëmmen d'Weekender op.

D'Awunner ronderëm d'Stroossbuerger Strooss hunn dem Stader Schäfferot Merci gesot dass d'Stroosse gespaart goufen an der Lutte géint Prostitutioun an Drogenhandel. De Problem vum Stroossestréch huet sech allerdéngs nëmmen an aner Stroosse verlagert. Dowéinst wëll d'Stader Gemeng elo een nationalen Debat.

Geschwë méi iwwert de Stater City Breakfast an eisen Noriichten op RTL Radio Lëtzebuerg an hei op RTL.lu.