Den Ubau vun engem Wunnhaus an der rue de la paix, deen och als Lager genotzt gouf, stoung komplett a Flamen wéi d'Pompjeeën op der Plaz ukoumen.

D'Feier huet sech ganz séier ausgebreet an d'Flamen hunn iwwergegraff op d'Haus an d'Garage vum Nopeschhaus. Duerch déi séier Interventioun vun de Pompjeeë konnt de Schued a Grenze gehale ginn, sou dass just d'Lager Affer vun de Flame gouf.

© CI-Diddeleng

Bis spéit an d'Nuecht eran woren d'Pompjeeë vun Diddeleng domadder amgaangen no ze läschen. Et ass kengem eppes geschitt, de Materialschued ass awer héich. Fir déi genee Brandursaach eraus ze fannen, huet d'Police eng Enquête an d'Weeër geleet.