... a fir Merci ze soen! Impressioune vun der net allze nombrilistescher "offizieller" oder "ziviller" Feier um Méindeg de Moien am Groussen Theater.

Eng rout-wäiss-blo Flätsch als Bühnebild. Lénks op deem bloe Buedem, vum Publikum aus gekuckt, e Blummemier, riets déi 4 Museker vum Quatuor de Luxembourg, deen zesummegesat ass aus Membere vum OPL, wéi d'Programmbliedche verroden huet. An zwar aus dësen: Osamu Yaguchi a Marina Kalisky (violon), Aram Diulgerian (alto) a Valérie Mélinon (violoncelle). Eleng deen exotesche Klang vun de Musikernimm war et gutt Omen fir dat, wat d'Leit um Méindeg de Moie vun 10 Auer un am Groussen Theater an der Stad um Glacis erwaart huet.

Wéi et sech fir eng Première gehéiert, louch eng bestëmmten Opreegung an der Loft. An eng net z'iwwersinne Konzentratioun, schliisslech sollt jo alles riicht räissen. An eng gewëssen Erwaardungshaltung war och ze spieren. Déi eng, déi hu sech gefrot, wat dann elo op si duerkomme géif, déi aner, déi ware virwëtzeg gewuer ze ginn, wéi d'Leit dann elo op de Spektakel (nee, dat ass net despektéierlech gemengt), dee se gebuede kréichen, reagéiere géifen.

RTL Spezial: Zivil Zeremonie fir Nationalfeierdag 2014
Opzeechnung vun der Zeremonie am Groussen Theater.
RTL Spezial: Te Deum (23. Juni 2014)
D'Feier aus der Kathedral.

Sober a wierdeg

Déi richteg Bezeechnung fir d'Matinée war „Célébration officielle de l'Anniversaire de Naissance de Son Altesse Royale le Grand-Duc“. Et war also déi zivil Feier, déi vun dësem Joer un deen zentralen Akt vu Groussherzogs Gebuertsdag, vum Nationalfeierdag also, ass. Wat an der Lescht jo nawell fir vill Gespréichsstoff gesuergt huet. Den „Te Deum“ an der Kathedral, deen dësen Usproch bis elo hat, gouf jo net ersat, ma an den Nomëtteg geréckelt.

Soe mer et direkt am Ufank: Et war eng sober, eng wierdeg Feier am Theater … och wann do op enger – wuel gemierkt – Theater-Affiche am Foyer ze liese war: „Das Theater ist das schönste und älteste Lügengewerbe der Welt. Ein wunderbarer Zauberkasten: Es zeigt wirklich, was in Wirklichkeit nicht ist. Hamlet stirbt und geht anschließend Spaghetti essen.“ Bon, dat ass en Zitat vum Gustav Seibt.

Also hannescht op d'Bühn: Nodeems d'Leit all iwwert de rouden Tapis um Parvis vum Theater, deen iwwer Nuecht extra mat vill gréngem Wues ausgeluecht gi war, an d'Gebai gaangen, marschéiert, stolzéiert … waren a Plaz geholl haten, konnt d'Zeremonie ufänken. Pénktlech. An et war méi wéi just eng (weider) Séance académique a manner wéi eng pompös Feier mat „Kult“-Touch. Kuckt een deen iwwersiichtleche Programm vun der „Célébration officielle“, da kann een dovun ausgoen, datt genee dat intentéiert war.

An allze nombrilistesch ass d'Feier och net ausgefall. Natierlech war et „Nabelschau“ mat Réckblécker aus Ausblécker, mat Analysen an Appeller, ma wann den omnipresente Message dobäi Toleranz an Oppenheet ass, kann een engem schlecht virwerfen, datt ee sech emol méi genee am Spigel kuckt ...

1. Ried: Premierminister

Nom obligatoresche Wilhelmus an der Fanfare solennelle vum Richard Strauss, dee virun 150 Joer gebuer gouf, béid Stécker gespillt vum „Grand Ensemble de cuivres“, ass de Premier Xavier Bettel bei d'Riednerpult gaangen. Säin Discours war, op dem Pabeier, eng Grëtz méi wéi 2 DinA4-Säite laang an op Lëtzebuergesch.

De Premier ass fir unzefänken op 175 Joer Onofhängegkeet agaangen: „Den 19. Abrëll 1839 gouf de Grondstee geluecht fir dat, wat mer haut sinn: E souveräne Staat, integréiert an d’Europäesch Famill, respektéiert vun eisen Noperen, international unerkannt, economesch a sozial erfollegräich - an eenzegaarteg op der Welt. Dës privilegéiert Situatioun hat hire Präis an der Geschicht.“

Et wier de Verdéngscht vu ville Leit, déi sech déi lescht 175 Joer engagéiert hunn, esou de Xavier Bettel, „dass mer haut dat sinn, wat mer sinn – dass mer iwwerhaapt kënne ,bleiwen, wat mer sinn‘ - an dass mer eis Zukunft kënnen an däerfe selwer gestalten.“

Clairefontaines-Metapher

An engem bemierkenswäerte Passage, u sech dem zentralen Deel vu senger Ried, huet de Xavier Bettel d'Symbolkraaft vun enger ganz bestëmmter Plaz an der Stad ënnerstrach. Hei deen Extrait ongekierzt:

An eiser Haaptstad ginn et vill bedeitend Plazen a wichteg Monumenter. Et gëtt eng Plaz, déi mäi Wee all Dag kräizt an déi op mech perséinlech ganz staark wierkt: d’Place Clairefontaine. Am Häerz vun der Stad geleeën, um hallwe Wee tëscht der Chamber an dem Staatsministère ass et eng Plaz, wou ee Leit begéint, wou een e puer Wuert matenee schwätzt, an den Dialog fleegt.

Et ass och hei, wou vill Touriste sech kräizen, wou ee sech een Ament an d’Mëtt vun der Plaz op ee vun den Träppleke sëtzt, fir ze raschten an d’Gebaier ronderëm op sech wierken ze loossen.

An et ass d’Plaz wou regelméisseg Manifestatioune sinn, wou d’Bierger demonstréieren a sech op dat fundamentaalt Recht an der Demokratie baséieren hir Meenung ze soen.

Fir mech steet d’Clairfontainesplaz a villen Hisiichte fir dat wat Lëtzebuerg ausmécht: E Land, wou Leit aus der ganzer Welt sech begéinen, eng modern Demokratie, wou matenee geschwat gëtt a wou ee seng Meenung ka soen.

Dominéiert gëtt d’Place Clairefontaine awer natierlech vun där bronze Figur vun der Grande-Duchesse Charlotte. Et ass d‘Erënnerung un eng Staatscheffin, déi an der däischterster Zäit vun eiser Geschicht d’Fräiheet an d’Onofhängegkeet vun eisem Land representéiert huet. Duerch hir Radiomessagen aus dem Exil gouf d’Grande-Duchesse zu der Leetfigur vun der Resistenz an domadder och zu engem Symbol fir eng Natioun an hiren Engagement.

An de Krichsjoren hunn d‘Lëtzebuerger sech kloer positionéiert a gewisen, dass Solidaritéit an Zivilcourage och zu eiser DNA gehéieren. Wa mer haut um 23. Juni traditionell de Gebuertsdag vun eisem Staatschef feieren, dann ass dat och en Éierendag fir all déi Leit, déi sech fir anerer, fir déi méi schwaach a fir eist Land agesat an dat dacks och mam Liewe bezuelt hunn.“

Virbiller!

Mam Hiwäis, datt „de Reflex, sech ze engagéieren, säi Liewen an den Déngscht vun aneren ze stellen“ och haut nach fundamental wichteg fir de Fonctionnement vun eiser Gesellschaft wier, huet de Premier begrënnt, datt op dem Nationalfeierdag couragéiert, responsabel Mënschen – Virbiller – geéiert sollte ginn.

Interessant war, datt de Premier a senger Usprooch eenzeg an eleng op den Ulass an op de Contenu vun der Feier agaangen ass, net awer de Kader oder de Contenant thematiséiert huet:

Et ass deen Dag am Joer, wou mir d’Geleeënheet hunn, fir iwwert eis selwer nozedenken, iwwert eis Geschicht, iwwert eis Identitéit an iwwert eis Zukunft.

Et ass en Ament vun der Rou, wou mer eis freeën iwwer d’Liewensqualitéit an eisem Land, iwwer Fridden a Sécherheet an iwwer d’Fräiheet, déi mer genéissen.

2. Ried: Chamberpresident

Esou déi éischt Sätz vum Xavier Bettel. A wéi engem Kontext een dat am beschte maache kéint, op déi Fro ass deen éischte Bierger aus dem Land agaangen, de Chamberpresident Mars Di Bartolomeo:

… dofir ass et gutt, datt mär eis haut, eng éischte Kéier, niewent deene ville wäertvolle Puzzledeeler vun eisem Dag, en zentralen, en offizielle Rendez-vous ginn, fir dovun e Gesamtbild ze kréien. Zesumme fir dat Gemeinsamt an net géint een oder géint Traditiounen, déi och ouni staatleche Charakter hir Feierlechkeet behalen.

De Mars Di Bartolomeo sot sech no der Zeremonie am Interview beim Max Theis ganz zefridden. / © Patrick Greis

Ugefaangen huet den MDB seng Allocutioun mat enger schéiner Kandheetserënnerung:

Wéi ech nach e Schoulbouf war, huet Groussherzoginsgebuertsdag fir mech en Dag ouni Schoul bedeit. Also eppes ganz Schéines. Duerno hunn ech d’Virfeiere mam Freedefeier an der Stad kennegeléiert. Och dat war e flott Erliefnes, e weidert Element vun Nationalfeierdag. Als jonke Gemengeconseiller hunn ech dunn a menger Heemechtsstad Diddeleng aner Facettë vun eisem Nationalfeierdag kennegeléiert: de lokale Cortège – wou ech matgaange sinn –, an de feierlechen Te Deum – vum Héieresoen. Als Buergermeeschter a spéider als Regierungsmember sinn ech dunn an den Te Deum gaang, an ech gi gär zou, datt mär bei der Sonnerie Nationale ëmmer d’Héngerhaut ausgaang ass, well dat ass ganz schéin.

E fräien Dag, de Gebuertsdag vun eisem Staatschef, Freedefeieren, Cortègen, Te Deum an aner Zeremonië vun deene verschiddene Glawensgemeinschaften: alles Elementer vun eisem Nationalfeierdag, wou een dobäi ass – oder och net. Mee war dat et? Ass dat alles? Ass dat eisen Nationalfeierdag? Ech mengen net! Eisen nationale Feierdag ass méi: Et ass den Dag vun der Lëtzebuerger Gemeinschaft, vun all de Leit, déi hei wunnen – an dat si méi wéi 170 Nationalitéiten –, Lëtzebuerger, déi am Ausland liewen, an – firwat net? – och vun deene Leit, déi heihinner schaffe kommen.

An dofir wier een zentralen, en offizielle Rendez-vous, deen e Gesamtbild vum 23. Juni ofgëtt, net vu Muttwëll.

Identitéit a Solidaritéit

Op 2 Punkten ass de Chamberpresident nach méi detailléiert agaangen: Identitéit a Solidaritéit:

Eng Identitéit ass eppes, wat sech permanent verännert, sech ëmmer erëm weiderentwéckelt an och heiansdo Widderspréch a sech dréit. Sou ass eis Lëtzebuerger Sprooch e staarken Identifikatiounsfacteur, eis Villsproochegkeet awer grad esou. Eis Identitéit ass haut staark vun eiser Diversitéit, vun eiser Villsäitegkeet gepräägt. An déi Diversitéit ass eng vun eisen Trëmp.

Lëtzebuerg steet doniewent wéi kaum en anert Land fir d’Solidaritéit - no bannen awer och no baussen. Déi Solidaritéit spigelt sech an enger Rei vu Pakten erëm,

- deen tëscht de Generatiounen, dee mär och fir mar mussen ofsécheren;

- deen tëscht aarm a räich;

- deen tëscht gesond a krank;

- deen tëscht Lëtzebuerger an Netlëtzebueger;

- a schliisslech eis Solidaritéit mat deenen anere Regiounen op der Welt duerch eng exemplaresch Entwécklungszesummenaarbecht.

Oppe sinn, fir ze sinn an ze ginn

Mat Bléck op de 70. Anniversaire vum Debarquement an der Normandie, deen elo de 6. Juni gefeiert gouf, huet de Mars Di Bartolomeo drun erënnert, datt et eng Verflichtung ass, fir bedingungslos fir de Respekt vun Fridden an Demokratie anzetrieden. Eng „Well vun Neofaschismus, déi iwwer eng Rei vu Partnerlänner gerullt ass“, misst zu Lëtzebuerg onbedéngt evitéiert ginn. Mir missten en oppent Land bleiwen a géife mer eis zoumaachen, géife mer stoebleiwen an hätte vill ze verléieren. Dofir hätte mer guer kee Choix, wéi flexibel ze bleiwen an eis weiderz'entwéckelen. Eng Geeschteshaltung, déi den MDB esou op de Punkt bruecht huet:

„Jo, mär wëlle bleiwe wéi mer sinn, mee mär freeën eis och op dat, wat mer zesumme kënne ginn.“

Den Highlight!

Du koum de Moment fort vun der Zeremonie um Méindeg de Moien: Wat sachlech-technesch just „Remise de distinctions honorifiques“ geheescht huet, huet d'Leit am Sall a wuel och déi doheem virun der Tëlee oder beim Radio oder um Internet beréiert. Fir 6 Verdéngschter goufen 9 Leit ausgezeechent. De Xavier Bettel selwer stoung um Riednerpult, fir déi 6 Episoden duerzeleeën an z'erklären, firwat eng Auszeechnung meritéiert wier. Op der Bühn gouf déi iwwerreecht vum Grand-Duc Henri a vum Chamberpresident.

D'Monique Kiebel an d’Mara Tursi-Petruzzi vu Gréiewemaacher goufe geéiert (Dekoratioun vum Chevalier am Ordre vum Merite), well si den 13. Februar 2013 enger Nopesch an hirem Appartementshaus zu Gréiwemaacher d’Liewe gerett hunn. Am spéiden Owend war am Schlofzëmmer vun enger eelerer Fra e Feier ausgebrach. Wéi d’Monique Kiebel an d’Mara Tursi-Petruzzi gemierkt hunn, datt sech Damp am Trapenhaus vun hirem Gebai propagéiert hat, si se an d’Appartement vun hirer Nopesch gaangen an hunn hir gehollef, d’Wunneng ze verloossen a se domadder aus de Flame gerett.

Geéiert goufen och 2 eminent Vertrieder vun der Lëtzebuerger Filmbranche: Beim Alexandre Espigares (München, Däitschland) a Laurent Witz (Yutz, Frankräich) muss ee just „Oscar“ soen … Op Franséisch sot de Xavier Bettel: Le 2 mars 2014, la coproduction luxembourgeoise Mr Hublot s’est vu attribuer un Oscar à Los Angeles, dans la catégorie du « meilleur court métrage d’animation » – une première pour le secteur du cinéma et de l’audiovisuel au Luxembourg. Mr Hublot a été entièrement produit et fabriqué au Luxembourg par le producteur Laurent Witz (Zeilt Productions) en coréalisation avec le Luxembourgeois Alexandre Espigares. À l’occasion de la fête nationale 2014, ils recevront les décorations d’officiers dans l’ordre de Mérite.

Zu Éiere koumen och den Här an d'Madame Marcel Diederich-Schwalbach vu Fëlschdref (Dekoratioun vum Chevalier am Ordre vum Merite). D’Koppel war op Ouschtersonndeg op hirem Spadséiergang tëschent Hesper an dem Houwald, engem Grupp Leit mat Vëloe begéint, déi bei engem Här stoungen, deen um Buedem louch, well et em schlecht gi war. Den Här hat eng Attack gemaach an huet Hëllef gebraucht. Vu datt de Marcel Diederich als laangjärege Polizist mat Éischt-Hëllef vertraut war, a seng Fra, d’Madame Diederich-Schwalbach en Éischt-Hëllef-Cours matgemaach hat, konnte si de Patient 25 Minutte laang mat Beootmung an Häerzmassage um Liewen halen, bis d’Ambulanz vun Esch do war an de Patient betreie konnt.

D’Sylvie Obdeijn-Even vu Wolz huet den 13. Mee dëst Joer engem 4 Joer ale Jong d’Liewe gerett. Dofir krut si d’Dekoratioun vum Chevalier am Ordre vum Merite iwwerreecht. De Jong hat sech um Wee fir heem vum Precoce zu Eschduerf un enger Kamell verschléckt an e wier bal erstéckt. En ass direkt an de Centre médical bruecht ginn, den Dokter war dee Moment awer net do. D’Sylvie Obdeijn-Even, déi an der Géigend als Infirmière schafft, ass op den Tëschefall opmierksam ginn. Si konnt de Jong 20 Minutte laang beootmen, bis datt de Samu-Dokter do war an de Jong op der Plaz intubéiert huet. Haut ass de Jong rëm ganz gesond.

VIDEO: RTL Spezial: Nationalfeierdag 2014
RTL Spezial ass déi Emissioun, an där wichteg Evenementer couvréiert ginn.

70 Joer nom Enn vum Zweete Weltkrich gouf de Gerd Klestadt fir säin Engagement, fir bei de Jonken d’Erënnerung un d’Shoah waakreg ze halen a se fir dat Thema ze sensibiliséieren, geéiert. Hie krut d’Dekoratioun vum Officier am Nationalen Uerden vun der Couronne de Chêne iwwerreecht. Als 12-järege Jong koum de Gerd Klestadt den 2. Februar 1944 vu Westerbork an Holland an de KZ Bergen-Belsen. Den 13. Abrëll 1945 gouf hien zesumme mat 2 000 aneren Häftlinge vum amerikanesche Lieutenant Frank Towers befreit. De Gerd Klestadt an de Lieutenant Frank Towers haten d’Geleeënheet, sech no 69 Joer no der Commemoratioun vum Debarquement an der Normandie de 6. Juni 2014 erëmzegesinn. De Lieutenant Towers, deen haut 97 Joer al ass, huet bei deem Treffen e Malaise gemaach an den Här Klestadt huet, andeems en de Samu geruff huet, sengem Liewensretter kënnen d’Liewe retten.

An de Romain Bausch vu Mamer krut als Unerkennung fir säi professionellt Liewenswierk d’Dekoratioun vum Commandeur am Uerde vun der Couronne de Chêne. Als Administrateur général am Finanzministère, ass de Romain Bausch am Joer 1995 an d’Privatwirtschaft gewiesselt an huet bei SES Astra gläich d’Weichen nei gestallt. Deemools ware beim Betzder Betrib 170 Leit beschäftegt a véier Satellitten op geostationärem Orbit, déi virun allem Fernsehprogrammer ausgestraalt hunn. Wéi de Romain Bausch den 3. Abrëll dëst Joer seng Pensioun ugetratt huet, hu bal 1 400 Leit ronn 56 Satellitte gesteiert, déi niewent Fernsehprogrammer nach vill aner Sparte bedénge wéi Telekommunikatioun an Internet.

3. Ried: Grand-Duc

No den Auszeechnungen ass de Grand-Duc Henri op der Bün bliwwen, fir selwer d'Wuert z'ergräifen. No engem kuerzen historeschen Exkurs huet hien Zukunftsfroe skizzéiert an och schonn duerchbléck gelooss, a wéi engem Esprit een do no Äntwerte siche misst:

AUDIO: De Grand-Duc Henri mat Zuelen

Et kann een also nëmme beandrockt si vun dëser demographescher an economescher Entwécklung, déi hiresgläiche sicht. Mä dës Entwécklung werft och fundamental Froen op, wat mat eisem klénge Staat soll ginn, wéi d’Leit mat deenen diversen Originnen hei nach besser zesummeliewe kënnen a wéi d’Citoyennetéit ze gestalten ass.

All dëst si politesch Debatten, am nobelste Sënn vum Wuert „politesch“, a si hunn och eng philosophesch Komponent. Si stellen d’Fro, wat mir an noer Zukunft wëlle sinn, u wat fir eng Gesellschaftsuerdnung an u wat fir e „contrat social“ mir äis wëllen halen. Dës Debatten musse selbstverständlech an der Serenitéit an ouni Polemik gefouert ginn.

Duerno ass de Staatschef op d'“Natioun“ ze schwätze komm: Déi éischter ethnesch orientéiert Konzeptioun vun der Natioun wier zanter Laangem vun de Realitéiten dementéiert ginn. Well: „An engem Land ewéi eisem, wou praktesch d’Halschent Net-Lëtzebuerger wunnen a wou se zwee Drëttel vun der aktiver Populatioun ausmaachen, ergëtt dat kee Sënn méi. Aplaz hu sech vill méi offe Konzeptiounen vun der Natioun imposéiert.“

Et kéim elo op d'Citoyennetéit un – „eng subtil Mëschung vu Rechter a vu Flichten, vu kollektiver Unerkennung a vun individuellem Bekenntnis. Et ass een net als Bierger gebuer, mä et gëtt een et.“

"Lëtzebuerger Exempel"

Virun deem Hannergrond huet de Grand-Duc dann och zu Eenegkeet opgeruff:

Op dësem Nationalfeierdag, dee virun allem d’Eenheet vum Land zelebréiert, gesinn ech vill positiv Zeechen, déi mech optimistesch stëmmen. Déi Zéngdausende vu Leit, Lëtzebuerger ewéi Net-Lëtzebuerger, Residenten ewéi Net-Residenten, déi mat deemselwechten Enthusiasmus, zesumme mat der Grande-Duchesse an eise Kanner, den 23. Juni feieren, erliewen eng enk Verbonnenheet. An dat ass sécher eppes anescht ewéi einfach bei engem Volleksfest matfeieren, dat esou flott op de Summerufank dank der Grande-Duchesse Charlotte geluecht ginn ass. Wa mir zesumme feieren, gesi mir, wéi all déi Verschiddenheete verschmëlzen.

Um Schluss war et den Appell:

Ech hunn och all Vertrauen an d‘moralesch Stäerkt vun eiser Populatioun, dat se sech weider opmécht ouni ze vergiessen, wat si ass a wat si bleiwe wëllt. Dat kann dat „Lëtzebuerger Exempel“ ginn.

Léif Matbierger,

De Lëtzebuerger Nationalfeierdag ass e privilegéierte Moment, dee mir mat engem Gefill vu Freed an Eenegkeet feieren. Am Geescht vun enger oppener Natioun heeschen ech all déi wëllkomm, déi wëlle matmaachen.

Vive eist d’LëtzebuergerLand!

Géint 10.45 Auer ass dunn nach d'Heemecht gesonge ginn, iwwregens déi éischt an déi véiert Stroph, an de Wilhelmus huet dunn déi éischt zivil Feier vun Nationalfeierdag clôturéiert.