D’Associatioun vun de Lëtzebuerger Studentencercele huet sech hannert den amendéierten Text vum Minister Claude Meisch senger Reform gestallt.

Et wier een mat deem Text, deen den Ament virläit, averstanen, sou den ACEL-President Tom Hermes. Et wier ee sech bewosst, datt d’Aide financière wéinst dem europäeschen Uerteel eng deier Affär géing ginn fir de Staat. Dofir hätt ee probéiert, fir all Student de Maximum erauszeschloen – an dat am Dialog mat de concernéierte Parteien. Et hätt een och zu kengem Moment déi Impressioun gehat, wéi wann den zoustännege Minister keen oppent Ouer gehat hätt, fir d’Virschléi vun den Studenten. Am Endeffekt sinn dann och eng Partie Amendementer vun der ACEL an den aktuellen Text mat agefloss. Ënnert anerem kréien déi Studenten, déi kee Recht op de volle Montant vun der sozialer Bourse hunn, d’Méiglechkeet, d’Differenz als Prêt ze huelen. D’Acel wëll awer weider um Ball bleiwen a fuerdert d’Eropsetze vun der Basisbourse, méi Studentewunnengen an eng gesetzlech verankert Studentevertriedung.

Bis op d'Hausse vun der Bourse de Base wieren alleguerten d'Amendementer vun der ACEL duerch komm. Ënnert anerem kënnen lo déi Studenten, déi kee Recht op de volle Montant vun der sozialer Bourse hunn, d'Differenz als Prêt huelen. D'Unzuel vun de Kanner am Stot fléisst elo bei de soziale Critèren mat an an dat Joer, wat een am Bachelor méi zegutt huet, gëtt engem am Master elo gutt geschriwwen, wann een de Bachelor an der Regelstudienzäit gepackt huet. D'ACEL wëll awer um Ball bleiwen an gëtt dem Minister Meisch eng Partie Fuerderungen mat op de Wee. D'Associatioun fuerdert zum Beispill méi Studentewunnenge fir Studenten op der Uni Lëtzebuerg, vu datt déi keng Bourse de Mobilité ze gutt hunn. Den Minister Meisch hätt an deem Kontext versprach, dass bis 2017 ronn 830 nei Logementer creéiert ginn.

Dernieft hätt de Projet 6670 gewisen, datt d'Studenten net all mat enger Stëmm schwätzen. Dofir bräicht een eng gesetzlech verankert Studentevertriedung.

Bannent dem Aktiounskomitee 6670 schénge se sech net all eens ze sinn

E Méindeg den Owend war e Communiqué zum Thema Studiebäihëllefen un d'Press geschéckt ginn, an deem Schreiwes gouf  ënner anerem kee gutt Hoer un der Studentenassociatioun ACEL gelooss, déi sech jo zefridde mam amendéierten Text gewisen hat. E puer Stonnen drop koum e weidere Communiqué vum Aktiounskomitee, an deem gouf sech vum éischte Schreiwes distanzéiert ... dëst wier op Initiativ vun enger eenzeger Persoun zu Stane komm. Weider heescht et, den Aktiounscomité wéilt am Laf vum Dag méi genee Positioun bezéien.

Oppene Bréif un d’ACEL

30. Juni 2014 /

Leif ACEL,

Zenter 3 Méint leeft de Protest géint d’Kierzungen bei de Studiebäihëllefen, vun Ufank un engagéieren sech Jonker fir ze verhënneren, dat un der Bildung gespuert gëtt (am Schnëtt 2100€ pro Student*in) an fir dat mir e System kréien, deen gerecht ass. Lo hutt dir op enger Pressekonferenz erklärt, de Gesetzestext wier gutt sou wéi en ass an domadder äert Engagement beend.
De Protest ass vun Ufank un op zwee Schinnen gefuer:
- Op der enger Säit Verhandlungen, Entrevuen mat Parteien, an virun allem engem ëmfankräichen Avis zum Gesetzestext, deen versicht iwwer Studien aus anere Länner een méiglechst geneet Bild vun de Liewenskonditiounen vu Student*innen opzezeechnen fir ze weisen wou d’Problemer leien. Iwwer Wochen huet den Aktiounskomitee lo och eng Studie virbereet, déi de Grondsteen zu engem sachlechen Ëmgank mat dem Studiebäihëllefe-System duerstelle soll, wat eis schlussendlech och mat der Ënnerstëtzung vun immens villen Student*innen gelongen ass an wat wesentlech zur Versachlechung vum Debat bäigedroen huet.
- Op der anerer Säit gouf de Kontakt mat allen Betraffenen gesicht, Schüler a Student*innen goufen informéiert an mobiliséiert, d’Ëffentlechkeet gouf op dat opmierksam gemeet, wat geschitt. Eng Demonstratioun gouf organiséiert, op der Leit hier Suergen weise konnten an sech zu 17’000 versammelt hunn, ënnert dem Motto “Et spuert een net un der Bildung”, des Demonstratioun ass en Symbol dofir ginn, dat déi Jonk des Spuerpolitik net akzeptéieren.
Dir als ACEL word, obwuel dir “d’Studentevertrieder” sidd, bis elo immens passiv, vir net ze soen éischter kontraproduktiv.

Dir word géint déi Demonstratioun, an u sech géint all Zort vu d’Mobiliséierung vun deene Jonken. Während d’UNEL schonn zanter Juni mat enger kloerer Linn a Verhandlungen fir Student*innen kämpft, hutt dir är Fuerderungen nom Kritär opgestallt, dat de Minister sech nëmmen net op d’Féiss getrëppelt spiert an dir hutt iech parallel net fir eng méi déif Ausernanersetzung mam Gesetz selwer intresséiert (op een Avis vun der ACEL zum Gesetz waarde mer nach ëmmer). Eng Zesummenaarbecht mat aneren Organisatiounen, z.B. innerhalb vum Aktiounskomitee hutt dir méi wéi eng Kéier ofgeleent, souwuel virun der Demonstratioun, wéi duerno. Dem Aktiounskomitee hutt der de Virworf gemeet “ze politesch ze sinn” (Wat dat konkret heescht, ass onkloer, vläit, dat mir net genuch Partyen organiséieren?) an hutt iech dann awer selwer vun der Piratepartei instrumentaliséiere gelooss, a sidd mat hinnen an d’Chamber. An Medienoptrëtter an virun allem an Entrevuen mat de Politiker maacht dir meeschtens mat onqualifizéierten, net-recherchéierten Aussoen op iech opmierksam, déi virun allem vun der Angscht geprägt sinn, dat dir äre Status als dominant Studentenorganisatioun verléiere géift.
Vun ärer Säit kommen en plus nationalistesch Bemierkungen (“Mir representéieren just Lëtzebuerger, d’Diskriminéierung vun Frontalieren interesséiert eis net”) an Vereinfachungen (An ärer Ried virun der Chamberskommissioun “Zum Beispill wann een Eco wëllt an England studéiere goen, dat een dann op Stroossbuerg muss goen, dann ass dat eben sou!”). Dir hutt dann intern indirekt dozou opgeruff eis Studie ze boykottéieren, dat aus Angscht, dat sech duerch d’Studie och weise kéint, dat dir mat äre Fuerderungen just d’Interessen vun deenen lëtzebuerger Student*innen vertrëtt, deenen d’Kierzungen souwisou egal si kënnen.
Matt ärer Pressekonferenz haut, versicht der nach eng leschte Kéier, deen ganzen Dossier an ärer Faveur ëm z’interpretéieren: Den Meisch hat fir déi Jonk ëmmer een oppent Ouer, den Aktiounskomitee an vill aner Jonker woren net sou konstruktiv wéi dir an déi Amendementer, déi de Meisch op Drock vum Staatrot an als Reaktioun op d’Demonstratioun duerchgewonk huet wor äre Verdéngscht an wor genuch fir deene substantielle Problemer gerecht ze ginn.

Mir als Aktiounskomitee hunn net wëllen ëffentlech géint eng vun deenen Organisatiounen Stellung bezeien, déi insgesamt awer op der Säit vun deene Jonken géint des Kierzungen kämpfen sollt. Lo erkläert dir selwer äert Engagement, fir des Kierzungen ze stoppen fir beend, dat op enger Pressekonferenz an der et haaptsächlech drëm gaangen ass, d’Logoen vun ären Sponsoren an d’Kamera ze halen an nees géint den Aktiounskomitee ze stëppelen. Dir erkläert, dir wiert mat de groussen Zich vun der Reform averstanen, obwuel des Reform eng Kierzung vun am Schnëtt 2100€ pro Student*in duerstellt. Obwuel d’Autonomie vun de Student*innen ënnergruewen gëtt. Obwuel Kanner vu Frontalieren duerch d’Gesetz diskriminéiert ginn. Obwuel vill Fäll vu Leit public gi sinn, déi lo de Studium mussen ofbriechen. Obwuel kloer ass, dat domat ab September en immensen Pabéierkrich lassgoe wäert, fir all Student*in. Obwuel dir wësst, dat dëst Gesetz iwwert de Knéi gebrach gouf.

Lo ass et sou, dat mir wëssen, dat vill Leit aus deenen eenzelnen ACEL-Cerclen net averstane sinn mat deem, wat un hirer Spëtzt grad geschitt. Och hu vill Memberen vun Cerclen d’Studie vum Aktiounskomitee ënnerstëtzt, an si frou, dat et eng Organisatioun gëtt, déi sech wierklech fir si asetzt. A Konsequenz ruffe mir elo d’Student*innen aus deenen eenzelnen ACEL-Cerclen op, innerhalb vun deenen Cerclen iwwert des Entwécklungen ze schwätzen an dofir ze suergen an noutfalls och d’Spëtzt vun der ACEL a Fro stellt. mat sou Manöveren ophält an sech endlech aktiv dofir asetzt, déi Jonken ze vertrieden amplaz en Egotrip ze fueren.

Aktiounskomitee 6670

D'ACEL ass schockéiert iwwert de Contenu an d'Attacken, déi an deem oppene Bréif formuléiert ginn

Si reagéieren um Dënschdeg de Moien an engem Pressecommuniqué a stellen dora fest, dass eenzel Membere vum Aktiounskomitee 6670 den Opbau an d'Virgoe vun der ACEL weder respektéieren, nach verstoe géifen. Si kéinte sech dës Reprochen als gréisste gewielte Studentevertriedung net gefale loossen.