Zanter 6 Joer wunnt de fréiere Generalsekretär vun der Police-Gewerkschaft SNPGL Mitz Meysenburg mat senger Fra an deem Duerf an den Hiwwele bei Tréier.

Zu Paschel gëtt a 14 Deeg e Lëtzebuerger als Buergermeeschter vereedegt. Et ass keen aneren wéi de Maurice Meysenburg, de fréiere Generalsekretär vun der SNPGL, der Police-Gewerkschaft.

AUDIO: Maurice Meysenburg, Buergermeeschter zu Paschel: Nico Graf

Zanter 6 Joer wunnt de Mitz Meysenburg mat senger Fra zu Paschel, dat ass bei Pellingen bei Tréier. Hie seet: "Wann een am Ausland wunnt, da soll ee sech och interesséiere fir déi Saachen, déi do passéieren. Ech sinn dann och regelméisseg an d'Sëtzunge vum Gemengerot gaangen an hu mech och benevole engagéiert."

An de 25. Mee waren eben Kommunalwahlen a Rheinland-Pfalz. De Mitz Meysenburg huet sech opgesat - an et huet geklappt, widder Erwaarde gutt: Säi Motto war Ehrlichkeit, Transparenz a Kontinuitéit ... a mat 70 % vun de Stëmmen war hien op eemol deen Éischten.

De 25. Juli gëtt hien elo als ehrenamtlicher Ortsbürgermeister op déi däitsch Verfassung vereedegt.

Dat ass jo net deen éischten Eed, deen de pensionéierte Polizist an engagéierte Gewerkschaftler mécht. Hien hat jo och en Eed op de Grand-Duc ofgeluecht an elo deen op déi däitsch Verfassung: Hie gesäit awer do näischt derbäi a senger Broscht géife souwisou 3 Häerzer schloen - e lëtzebuergescht, e franséischt an en däitscht, an Europa wier eben alles méiglech.

Zu Paschel, 239 Awunner, seet de Mitz Meysenburg, wunne 7 Lëtzebuerger Familljen. D'Gemeng huet keng Scholden, huet awer e puer al eidel Haiser, ëm déi sech muss gekëmmert ginn. An elo wëllen se de séieren Internet an der Uertschaft verleeën – dat ass e grousse Projet am klenge Paschel an den Hiwwelen bei Tréier.