"Et geet elo duer! Neen zum Contournement duerch Suessem": Ënnert deem Motto stoung en Donneschdeg den Owend eng Protestaktioun vu Suessemer Bierger.

De Suessemer Buergermeeschter sot sech en Donneschdeg am fréien Owend zefridde mam Zousproch, deen eng Protestaktioun géint de geplangtene Contournement duerch seng Uertschaft kannt huet. Ëmmerhi waren eng 500 Leit dem Opruff vum Schäffen-, vum Gemengerot a vum Aarbechtsgrupp Contournement nokomm.

VIDEO: François Bausch: Contournement muss och net sinn ...
Wa sech déi 2 Gemenge géigesäiteg k.o. schloen, kann een hei séier 100 Milliounen Euro spueren.

Dee Contournement wär eppes, wat déi Suessemer Leit net wéilten, sot de Georges Engel. An de Message, dee vum Protestmarsch géif ausgoen, kéint d'Regierung net ignoréieren.

Op d'Fro „Firwat elo dës Aktioun“? huet den Député-maire dës Äntwert ginn:

Georges Engel: Dir wësst, dass den Ament d'Diskussiounen iwwert d'Plans sectoriels am gaange sinn, an d'Leit kënne géint déi Pläng reklaméieren. Si hu bis den 11. August Zäit dem Schäfferot hir Reklamatioun zoukommen ze loossen, an dann huet de Schäfferot Zäit bis den 28. Oktober fir bei de Ministèren ze reklaméieren.

Déi zoustänneg Ministèren hätte gesot, si géifen dës Reklamatiounen eescht huelen, sou de Georges Engel, fir deen d'Mobilisatioun vun en Donneschdeg den Owend e ganz staarkt Zeechen duerstelle géif dogéint, dass Grings sollt zerstéiert ginn.

Georges Engel: Wa Wierder wéi Naturzonen, zones de reserve communale oder Natura2000-Zonen... wann déi Wierder nach eppes solle gëllen, dann duerf et hei absolut net dozou kommen, datt hei eng Strooss duerch genau déi Zone geet, déi mer alleguerte wëllen erhalen.

Duerch dee Contournement géifen och d'Verkéiersproblemer vun der Käerjenger Gemeng net geléist ginn, Problemer, déi zum Deel hausgemaach wären.

Georges Engel: Wann een alles op d'N5 baut wat grouss Enverguren huet ... wann een déi eenzeg grouss Schoul, wou d'Leit alleguerte mat hire Kanner musse mam Auto quasi komme fir se an d'Schoul ze bréngen, op d'N5 baut ... wann een do de grousse Sportskomplex op d'N5 baut ... wann een zouléisst, dass do grouss Supermarchéen sech nidderloosse kënnen, datt grouss Fastfood-Kette sech do kënnen nidder loossen, da brauch ee sech natierlech och net ze wonneren, dass een do e ganz grousse Verkéiersproblem kritt. 

D'Diskussiounen ëm dee Contournement wären net nei, an déi ëm d'Tanklageren hätten d'Situatioun net méi einfach gemaach, huet de Suessemer Buergermeeschter betount. Et kéint ee senger Gemeng keng Nimby-Mentalitéit virgeheien, well si hätt Responsabilitéit iwwerholl op kommunalem, regionalem an nationalem Plang. Elo géif et awer duergoen.

Georges Engel: D'Gemeng Suessem ass elo net méi gewëllt, hei lo nach eng Kéier Responsabilitéit ze huelen fir eppes wat wierklech keen hei brauch. 

A wann d'Regierung seet, spueren ze wëllen, hunn déi Suessemer eng Iddi:

Georges Engel: Ma mir ginn hinnen hei op ee Coup ee Projet, wou se 70 bis 100 Millioune kënne spueren. Baut de Contournement net, dann hutt dir déi 100 Millioune gespuert!

Well duerch de Contournement eng schéi Plaz, wou nach kéint spadséiert ginn, géif verluer goen, war et um Enn nach emol den Opruff vum Georges Engel u seng Bierger, dogéint ze reklaméieren.

Georges Engel: Dat heiten ass den Ufank vun enger grousser Mobilisatioun, an et geet och weider sou. Loosst iech net ënner kréien, mir halen zu iech.

AUDIO: Zwee Bierger géint de Contournement

D'Bierger hu wéi gesot nach bis den 11. August Zäit, fir hir Reklamatioune géint de Contournement eranzereechen. Informatioune fënnt een um Internetsite no-way.lu.

AUDIO: De Reportage vum Eric Ewald (25/07/2014 - 7h30)
VIDEO: Grouss Protestmanif zu Suessem géint Contournement
Zu Suessem hunn eng 500 Awunner um grousse Protestmarsch géint Contournement an Tanklager deelgehol.