Um Dënschdeg den Owend huet et an der Dippecher Rue Belle-Vue gebrannt. Et gouf kee blesséiert, ma de Schued um Haus ass ganz héich.

Am fréien Dënschdegowend sinn zolidd Wiederen iwwert d'Regioun gezunn. Géint 19 Auer gouf dunn e Brand an der Rue Belle-Vue zu Dippech gemellt. En Haus mat engem Stréidaach hat Feier gefaangen, nodeems de Blëtz dran ageschloen hat.

Dee Moment war keen am Haus.

Direkt e puer lokal Pompjeescorpse goufen op d'Plaz geschéckt, fir de Brand ze läschen. Dat war awer, wéinst der instabler Meteo, eng schwiereg Aufgabe.

Et konnt awer evitéiert ginn, datt d'Flamen nach op d'Nopeschhaus géifen iwwergräifen.

Ma um Haus, dat gebrannt huet, ass de Schued awer grouss.

Fir datt d'Pompjeeë schaffe konnten, gouf den Trafic op der N5 ënnerbrach. Et war deen Ament net méi méiglech, vum Bartrenger Rond-point bei den Dippecher Rond-point ze fueren.

Op der Plaz waren d'Pompjeeë vun Dippech, Käerjeng, Kënzeg, Mamer, Péiteng an d'Beruffspompjeeën aus der Stad genee wéi d'Protex vu Mamer an d'Police vun der Cap.

Ähnlech war den Oflaf géint 19h30 zu Näerzeng bei Beetebuerg

Nodeem ee Blëtz ageschloe war, ass den Awunner vun engem Haus abemol de Geroch vu Verbranntem opgefall.

Se hate Chance, well den Asazzenter vun de Beetebuerger Pompjeeë wéinst enger Übung gutt besat war, waren déi Fräiwëlleg bannen enger Minutt prett fir an den Asaz.

RTL

© Centre d'Intervention Bettembourg

Do hu si effektiv Damp gesinn deen aus dem Daach vun engem Méifamiljenhaus koum. Fir besser un de Sickerbrand ze kommen, huet missen een Deel vum Daach ofgedeckt ginn. Déi Zäit hu bannen am Haus, Pompjeeën opgepasst, datt de Brand sech net weider ausgebreet huet. Nodeem alles geläscht a kontrolléiert war, ass den Daach provisoresch mat enger Baatsch nees zougedeckt ginn. No mol net annerhallwer Stonn war alles gelaf an och zu Näerzeng ass et beim Materialschued bliwwen.

RTL

© Centre d'Intervention Bettembourg

RTL

© Centre d'Intervention Bettembourg

RTL

© Centre d'Intervention Bettembourg

D'Donnerwiederen an de ville Reen aus de leschte Stonnen hu Schued provozéiert

D'Protection Civile hat eng 500 Appeller. 250 mol waren Asätz vun de Rettungsdéngschter néideg ginn, fir iwwerschwemmte Kelleren a Garagen eidel ze pompelen. Et hunn och eng Rëtsch Beem, déi gehënnert hu, misse geraumt ginn.

RTL

Zu Bartreng ware se mat iwwerschwemmte Stroosse geplot / © RTL Mobile Reporter / Pit Bemtgen