Gedenkfeier bei der Gëlle Fra
Mat Politiker aus dem In- an Ausland huet den Ierfgroussherzog Guillaume um Samschdeg de Mëtteg bei der Gëlle Fra eng Gerbe deponéiert.
Virun 100 Joer, den 1. August 1914, géint 19 Auer, sinn déi éischt däitsch Zaldote via d'Éislek am Kader vum éischte Weltkrich zu Lëtzebuerg amarschéiert.
Et war op deem Dag virun 100 Joer, wéi d'däitsch Truppen d'Land, datt u sech neutral war, besat hunn. Mat deem Datum verbonnen ass eng Occupatioun, déi véier laang a batter Joer sollt daueren.
Fir d'Lëtzebuerger zur Commemoratioun opzefuerderen, goufen duerfir am ganze Land e Samschdeg de Mëtteg d'Sireenen lafe gelooss, datt während dräi Minutte kuerz viru 15 Auer.
Parallel dozou war den Ierfgroussherzog beim Monument vun der Gëlle Fra, fir do zesummen mat Regierungsmemberen eng Gerbe ze deponéieren.

© Lucien Konezcny
Fir dat Evenement hu sech e Samschdeg de Mëtteg och Politiker aus Däitschland, Frankräich an der Belsch op Lëtzebuerg deplacéiert.
Wéi d'saarlännesch Ministerpresidentin Annegret Kramp-Karrenbauer sot, hätt SaarLorLux virun 100 Joer mat besonnesch villen Doudegen am Mëttelpunkt vun den Krichs-Evenememter gestanen. Déi däitsch Politikerin war dann och e Samschden de Mëtteg bei der Commemoratioun an der Stad dobäi.
Nieft dem Ierfgroussherzog waren um Samschden natirlech och d'Regierungsmemberen an déi Deputéiert fir eng kuerz a gedigen Zeremonie bei d'Gëlle Fra komm. Ënnert den Invitéë war och de Chamberpresident Mars Di Bartolomeo.
Och déi saarlännesch Ministerpresidentin Annegret Kramp-Karrenbauer hat sech iwwer d'Invitatioun vum Premier Xavier Bettel gefreet:
Och soss gouf an Europa natierlech den Affer vum 1. Weltkrich geduecht. Zu Metz gouf dat zesumme mat Däitschen a Fransouse gemaach, iwwerdeem de President Hollande um Sonndeg zesumme mam däitsche President Gauck de Commemoratiounssite Hartmannsweilerkopf besicht. Op deem Schluechtfeld an de Vogesen si während de véier Krichsjore bal 30.000 däitsch a franséisch Zaldoten gestuerwen.

Hartmannsweilerkopf an de franséiche Vogesen / © AFP
Zu Léck zelebréieren d'Belsch um Sonndeg déi offiziell Krichsdeklaratioun vu viru genau 100 Joer. Dofir deplacéieren sech um Mëtteg Vertrieder aus 30 verschiddene Länner bei eis Noperen.
Alles an allem hunn am 1. Weltkrich eng 17 Millioune Leit hiert Liewe gelooss.
Éischt däitsch Zaldoten amarschéiert
Däitsch Truppen hunn um Owend vum 1. August 1914 d'Gare vun Elwen besat. Den Dag drop war d'Land ganz besat a sollt et fir 4 Joer, bis d'Enn vum Krich, bleiwen.
Fir un dës Evenement z'erënneren, goungen e Samschdeg d'Sirenen am ganze Land, an zwar fir zwou Minutten: vun 14h58 bis 15h00.
GEDENKFEIER
Boulevard Roosevelt/À côté de la place de la Constitution
Mise en berne du grand drapeau
Monument du Souvenir (Gëlle Fra)/(Place de la Constitution, L-1352 Luxembourg)
14 h 45 Arrivées du président de la Chambre des députés, Mars Di Bartolomeo, du Premier ministre, Xavier Bettel, et de la secrétaire d’État à la Défense, Francine Closener, ainsi que des représentants de la Grande Région.
14 h 55 Arrivée de S.A.R. le Grand-Duc héritier
Dans tout le pays
14 h 58 – 15 heures: Retentissement des sirènes
Monument du Souvenir (Gëlle Fra)
15 h 00 Dépôt d’une couronne de fleurs par S.A.R. le Grand-Duc héritier
Sonnerie aux morts et hymne national exécutés par un quintette de cuivres et tambours de la Musique militaire
15 h 15 Fin de la cérémonie
SERIE: 100 Joer Éischte Weltkrich
Schonn an de leschte Wochen huet RTL déi dramatesch Evenementer vum éischte Weltkrich nees aus ville Perspektiven thematiséiert. All déi Reportage fann der natierlech an der Spezieller Rubrik zum Thema ënner radio.rtl.lu
