Béi Dippech, zu Réimech an zu Wilwerdang hat vun e Freiden op e Samschde gerabbelt. Dobäi goufen 3 Leit schwéier, an eng Persoun méi liicht verwonnt.

Méi uerg war d'Accident de Mueren virun 8 Auer am Dippecherbierg fir op d'Helfënterbréck. E Chauffer war mat sengem Won, aus nach ongekläerter Ursaach, vun der Strooss ofkomm. Als éischt huet hien e Bam gesträift, fir dono frontal an en zweete Bam ze rennen. Dëse Bam gouf beim duerch d'Wucht an zwee gerappt. Dono ass den Auto, deen op der Säit louch, zum stoe komm.

Déi zwou Persounen aus dem Auto goufen ageklemmt an hu misste mat schwéierem Gerät aus der Situatioun befreit ginn. Dono koume si mat schroen Wonnen an d'Spidol. D'Samuen aus der Stad a vun Esch waren op der Plaz. Ënnerstëtzt gouf si vum Rettungsdéngscht aus Mamer a Péiteng, de Pompjeeën aus Dippech a Betten op der Mess an der Police vu Capellen.

E weideren Accident gouf et viru 7 Auer de Mueren zu Réimech an der Munnereferstroos, wou e Chauffer mat sengem Won an de Rampli gerode war. Dobäi gouf eng Persoun gouf liicht verwonnt. De Sauvetage an d'Ambulanz vu Réimech waren op der Plaz.

Géint 20 Auer e Freiden den Owend kruten sech e Moto an en Auto zu Wilwerdang ze paken. De blesséierte Motocyclist koum mat der Ambulanz vun Elwen an d'Spidol.

Och zu Rëmeleng hat et de Freide kuerz no 17 Auer gerabbelt. Wëll déi zwou Automobilistinnen sech net eens gi sinn, gouf d'Police geruff. d'Beamten hu festgestallt, datt eng vun de Frae kee Führerschäin hat. Si gouf protokolléiert an den Auto op Unuerdnung vum Parquet saiséiert.

Kuerz no 10 Auer, um Samschden de Moien, koum et tëscht Schëffleng a Kayl zu engem weideren Accident, wéi den Auto vun der Strooss ofkomm ass. Eng Persoun gouf beim Accident blesséiert. Si huet musse mat hydrauleschem Material aus dem Auto befreit ginn. Op der Plaz war de Sauvetage an Ambulanz vu Schëffleng an d'Pompjeeë vu Monnerech.