Am Diddelenger Quartier Italien huet et an der Mëttesstonn an engem Appartementshaus gebrannt. Kuerz virdru waren d'Pompjeeën och um Houwald ënnerwee.

Groussasaz en Dënschden an der Mëttesstonn fir d’Pompjeeën zu Diddeleng. Et huet an engem Appartement war an der Rue des Minières gebrannt. An engem Zëmmer war d'Feier lass gaangen, mä eng Privatpersoun konnt d'Feier drun hënneren, sech weider auszebreeden. D'Pompjeeën konnten d'Feier du mat engem spezielle Schaum läschen.

Et ass kengem Mënsch eppes geschitt, allerdéngs ass de materielle Schued an der Wunneng héich. Op der Plaz waren d'Pompjeeën, d'Ambulanz an d'Police vun Diddeleng.

Och um Houwald war et géint 11.15 Auer zu engem Brand kommt. D'Feier war an der Kiche vum Eefamilljenhaus ausgebrach.

D'Famill huet sech a Sécherheet bruecht an eng couragéiert Nopesch huet d'Flame mat engem naassen Handduch geläscht.

D'Famill koum präventiv fir eng Kontroll an d'Spidol, fir de Rescht - esou schreiwen d'Pompjeeë vun Hesper - bleift et beim Materialschued.

Den 112 schwätzt iwwerdeem vun engem Blesséierte beim Brand um Houwald.

© CI Hesper