An der Triage-Gare tëscht Diddeleng a Beetebuerg gouf e Mëttwoch am fréien Owend méi e grousse Waasserschued notéiert.

Déi zwee Pompjeescorpse ware géint 18 Auer op d'Plaz geruff ginn, well de Keller ënner Waasser stoung an huet missen eidel gepompelt ginn. Donieft war, wuel wéinst engem Kuerzen, e falsche Feieralarm ausgeléist ginn. Dat villt Waasser, dat e grousse materielle Schued mat sech bruecht huet, dierft op de Schantje vum neie Container-Terminal zréckzeféiere sinn.