"Mat der DNA fënnt een eraus, ween eppes war a mat der RNA, wat geschitt ass" seet de Kriminalexpert Cornelius Courts aus Däitschland.

DNA: Kaum een Kriminalfall kënnt haut ouni dës dräi Buschtawen aus. Mat Hëllef vun dësem Ierfmolekül goufen schonn eng etlech Krimineller gepëtzt. Am Ausland schaffen awer ëmmer méi Expert'en och mam klenge Brudder vun der DNA, der Ribonukleinseier.

AUDIO: RNA bei den Enquêten / Reportage Eric Hamus

DNA ass fir Enquêteure vum Miess- an Erkennungsdéngscht een vun de wichtegsten Indicateuren, deen een no engem Verbrieche ka fannen. Ma am Ausland schéngt sech bäi den Enquêten och lo een anert biologescht Moleküll ëmmer méi duerchzesetzen: d'Ribonukleinseier, kuerz RNA. Wann an enger Zell d'Genen aktiv ginn, dann gëtt d'DNA an RNA kopéiert. D'RNA weist deemno, wéi eng Genen aktiv sinn.

Grob kann een et esou zesummefaassen. Mat der DNA fënnt een eraus, ween eppes war a mat der RNA, wat geschitt ass, vereinfacht de Cornelius Courts.

De Cornelius Courts ass de wichtegsten däitschen Expert an der Matière. Am Institut für Rechtsmedizin op der Uni Bonn entwéckelt hien Methoden, fir RNA aus de Spuren ze isoléieren an ze ënnersichen. Dobäi spezialiséiert sech den Expert virun allem op d'Mikro-RNA, déi ëm hëlleft ze determinéieren, vu wou déi mënschlech Trace kommen. Zum Beispill Bludd, Sperma oder Speechel.

Oft fënnt een eng Mëschung, e Fleck, vun der DNA, sou z.B. no engem Sexualdelikt. Dann ass et awer wichteg ze wëssen, aus wéi engen Aarte vu Spuren sech dëse Fléck zesummesetzt. Wann een esou eng Spur um Buedem fënnt, kann een duerch d'RNA erausfannen, datt do och Blutt mat dran ass. Ass dann och nach Speechel mat dran, fënnt een eng weider RNA, déi deen Indice gëtt, sou den Expert.
D'Enquêteuren kéinte souguer determinéieren, vu wou Blutt-Spur kënnt. Bis elo gëtt d'RNA um Terrain nach an Däitschland net agesat, mä a Laboen an Holland. Et gouf awer elo eng Etude publizéiert, déi wéist, datt ee mat RNA e Schoss an de Kapp vun engem Schoss op en anert Kierperdeel ënnerscheede kann, wéist den Expert drop hin.

Bäi engem Schoss aus e puer Meter kënne souguer kleng Spuren vum Affer an der Waff fonnt ginn. Aus dem Banneliewe vun der Waff kann een erkennen, ween Affer vun der Waff gouf, seet de Cornelius Courts. Dat geet duerch d'DNA, déi an der Waff ass. Duerch d'RNA kann een da souguer nach weisen, wouhin d'Affer getraff gouf. Sou kann een z.B. Rechter vun der Gehirmass duerch d'RNA identifizéieren.

Als Beispill nennt de Cornelius Courts ee Mordfall zu Neuss, bei deem seng Method wichteg Informatiounen liwwere konnt. Ee Mann hat seng Fra an seng Duechteren mat Schëss an de Kapp ëmbruecht. An der Waff konnt de Courts dunn Spueren vun den Affer sécherstellen. D'Mikro-RNA huet de Beweis geliwwert, datt et Gehir-Tracen waren. Domadder war kloer: D'Dot war keen Accident. De Mann hat d'Affer aus kuerzer Distanz higeriicht.